Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Steier ass e Prelevement op de Besëtz duerch eng Kollektivitéit, deen hautdesdaags nëmmen nach a Form vu Geld agezu gëtt, mä fréier och an Natur konnt sinn. Steiere ginn agezunn fir de Budget vun der Kollektivitéit ze fëllen, (Staat, Departement, Regioun, Provënz asw.).

De Steierandreiwer

Et gëtt verschidden Zorte vu Steieren, déi sech an zwou grouss Kategorien andeele loossen: direkt Steieren an indirekt Steieren, woubei zu Lëtzebuerg d'Situatioun sou ass, datt den Haaptënnerscheed tëschent deenen zwou doranner besteet, datt d'direkt Steiere vum Revenu vun deem deen d'Steiere bezillt ofhänken, wärend d'indirekt Steieren dovun onofhängeg sinn. Esou ass zum Beispill d'TVA (bis op Spezialfäll beim Hausbau) onofhängeg vun deem deen se bezillt.

Zu Lëtzebuerg ginn d'direkt Steiere vun der Administration des contributions directes, der Steierverwaltung agezunn. Fir ë. a. d'Stempelsteier, d'Ierfschaftssteier an TVA ass d'Administration de l'enregistrement et des domaines zoustänneg, an ëm d'Akzisen, d'Alkohol-, d'Auto- an d'Cabaretagesteier këmmert sech d'Administration des douanes et accises.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Steier – Biller, Videoen oder Audiodateien