De Kéisécker

fréier Lëtzebuerger Zäitschrëft


De Kéisécker, Zäitschrëft fir de Mënsch a seng Ëmwelt war eng Zäitschrëft, déi zu Lëtzebuerg tëscht 1970[1] an 2013 sechsmol am Joer erauskoum. Editeur war ufanks d' « Asociation de la jeunesse luxembourgeoise pour l'étude et la conservation de la nature » (AJLECN), dono « Jeunes et Environnement » aus där dann de Mouvement écologique gouf[2],[3].

De Kéisécker
Typ Zäitschrëft
Periodizitéit 6 Joer
Éischt Ausgab 1. September 1970
Lescht Ausgab 1. Mäerz 2013
Editeur Mouvement écologique

Déi lescht Ausgab koum am Mäerz 2013 eraus.

Aus engem einfache Blietche war mat der Zäit eng wichteg Lëtzebuerger Zäitschrëft entstanen, déi iwwer d'Entwécklung am Beräich vun der Ëmwelt, dem Naturschutz a vun der Nohaltegkeet informéiert huet, dorënner och iwwer Landesplanung an Urbanismus, Gaardebau, Ekonomie, Energiepolitik (Anti-Atomkraaft), Biergerbedeelegung, asw.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  • De Kéisécker op eluxemburgensia.lu, enger Websäit vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.

Referenzen änneren

  1. Uganks « Bulletin de liaison » vun der AJLECN, vum Jukli1972 un ënnert dem Titel De Kéisécker
  2. Fiche op eluxemburgensia.lu, engem Site vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.
  3. Fiche op a-z.lu, dem Verbondkatalog vu lëtzebuergesche Bibliothéiken.