D'Ëmwelt oder d'Environnement vun engem Liewewiesen ass déi no oder déi méi wäit Ëmgéigend, déi en direkten oder indirekten Afloss op dat Liewewiesen a seng Liewensbedingungen huet. Am Bezuch op de Mënsch ënnerscheet een ënner anerem:

  • d'sozial Ëmwelt,
  • déi kulturell Ëmwelt an
  • déi natierlech Ëmwelt.

Sozial a kulturell Ëmwelt änneren

Déi sozial a kulturell Ëmwelt vun engem Individuum besteet engersäits aus de Mënschen, mat deenen et onmëttelbar a Bezéiunge steet, an anerersäits och aus dem méi wäite kulturellen Ëmfeld, dat Aflëss huet. Dozou gehéiere beispillsweis de politeschen a wirtschaftleche System, an deem et dran ass asw.

Stéchwierder: Famill, soziale Milieu, sozial Schicht, Sozialisatioun, Kultur.

Natierlech Ëmwelt änneren

D'Ëmwelt ass e Netzwierk vu Lokalitéiten, dat e grousse Komplex vu kierperlechen, emotionalen, intellektuellen a spirituellen Interaktiounen ënnerstëtzt. D'Land ass lieweg an ugefëllt mat Energie. Alles, wat mer erliewen, ass e Spektrum vun der Vitalitéit.

Am méi wäite Sënn ass Ëmwelt alles, wat et tëscht der Atmosphär an der ieweschter Äerdkuuscht gëtt (munnecher schléissen och Himmelskierper an). Am méi enke Sënn bezitt sech d'Ëmwelt virun allem op d'Natur an d'Wiesselbezéiungen tëscht Ekonomie, Technik an Naturwëssenschaften. Et ass an deem Sënn wou de Begrëff Ëmwelt am Sproochgebrauch vun Ëmweltschützer an an der Politik zanter de 70er Joren opdaucht.

Et gesäit een dee Begrëff dofir virun allem am Zesammenhang mat Ëmweltschutz, Ëmweltverschmotzung an Ëmwelt-Gipfel - obwuel Ëmwelt am méi wäite Sënn (cf. uewen) ongeféier 20 bis 50-mol sou vill Fachgebidder ëmfassst. Contrairement zum einfachen Naturbegrëff bezitt een hautdesdaags och déi urban Ëmwelt mat an.

Domat gi Gebidder wéi Verkéier, Bauwiesen, Geotechnik oder Waasserwirtschaft um Rand oder zentral mat abezunn, mä och Theme wéi Offallwirtschaft, Protektioun géint Kaméidi, Elektrosmog an änlech Problemfelder. Am klasseschen Naturschutz goufe se bis elo kaum (oder nëmmen dem Numm no) behandelt.

Ëmwelt am ekologesche Sënn änneren

Ëmwelt an der Ekologie bezeechent all Aflëss op d'Natur an all ekologesch Fakteuren, déi op eng Aart awierken. Dacks gëtt de Begrëff Ëmwelt an der Ëmgankssprooch mat Natur gläichgesat.

Kuckt och änneren

Grénge Punkt, Recycling, Kyoto-Protokoll, Ofgas, Ekologie, Ekosystem, Biotop, Habitat, Biozönos, Ekologesch Nisch, Ëmweltfaktor, Ëmweltzerstéirung, Ëmweltschutz, Ëmweltschutzorganisatioun, Ëmweltverschmotzung, Ëmweltbewosstsinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Ëmwelt – Biller, Videoen oder Audiodateien