Corinne
weibleche Virnumm
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Virnumm Corinne. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Corinne (Homonymie). |
Corinne ass, am däitsch-, franséisch- an engleschsproochege Raum a ronderëm, e geleefege Virnumm fir Fraen.
Corinne | |
---|---|
Geschlecht | weibleche Virnumm |
Namensdag | 18. Mee, 12. Dezember |
Ursprong | |
Sprooch | Griichesch |
Varianten | |
Alternativen | Corina, Corinna, Corine, Corrine, Korinna, Koryna |
Ursprong a Bedeitung vum Numm änneren
De Virnumm Corinne huet griichesch Originnen a schéngt vum Substantiv κόρη (korê) ofgeleet ze ginn, wat esouvill heescht wéi „jonk Fra“ oder „Jongfra“.
Namensdag änneren
Der Corinne hiren Namensdag ass den 18. Mee an den 12. Dezember.
Varianten an Ofkierzungen änneren
An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou z B.: Corina, Corinna, Corine, Corrine, Korinna, Koryna
Leit mam Virnumm Corinne änneren
Ënner de Leit mat deem Virnumm sinn:
- Corinne Bauer (* 1949), lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Kaffisfarmerin
- Corinne Cahen (* 1973), lëtzebuergesch Geschäftsfra a Politikerin (DP)
- Corinne Goetz (* 1977), lëtzebuergesch Molerin an diploméiert Konschttherapeutin
- Corinne Hermès (* 1961), franséisch Sängerin
- Corinne Marchand (*1937), franséisch Sängerin
- Corinne Steinbach (* 1986), lëtzebuergesch Volleyballspillerin
Um Spaweck änneren
Commons: Corinne – Biller, Videoen oder Audiodateien |