CoRoT-7 b, fréier CoRoT-Exo-7 b genannt, ass d'Bezeechnung vun engem Exoplanéit am Stärebild Monoceros. Mat engem Duerchmiesser vu ronn 22.000 Kilometer gehéiert hien zu de klengste bekannten Exoplanéiten.[1] Hie gouf am Januar 2009 entdeckt a kreest ëm de Stär CoRoT-7. D'System ass ronn 150 Parsec (ongeféier 490 Liichtjoer) vun eiser Äerd ewech.

Verglach vun de Gréissten: Äerd, CoRot-7b an Neptun
kënschtleresch Duerstellung vum CoRot-7b

Eegenschaften änneren

De CoRoT-7 b huet en Duerchmiesser vu ronn 22.000 Kilometer (zirka 3,6 Äerdradien, zirka 0,31 Jupiterradien). Hie gouf als siwenten Exoplanéitekandidat mat Hëllef vum Weltraumteleskop CoRoT-Weltraumteleskop entdeckt, wouduerch en och seng Bezeechnung krut. Exoplanéite ginn duerch déi grouss Zuel vun nei entdeckten extrasolare Planéite mat der Bezeechnung vum Zentralstär duergestallt a mat engem zousätzleche klenge Buschtaf (vum laténgeschen Alphabet, ugefaange mat „b“) identifizéiert.

De Planéit ass vun der Äerd ongeféier 150 Parsec (~ 490 Liichtjoer) ewech a kreest ëm säin Zentralstär CoRoT-7 op enger Distanz vu ronn 2,55 Millioune Kilometer (zirka 0,017 AE). Fir en Ëmlaf ronderëm säi Stär brauch hie nëmme ronn 20 Stonnen.[1]

Nodeem d'Mass vum CoRoT-7 b ufanks op ongeféier 11 Äerdmasse (zirka 0,035 MJ)[1] geschat gouf, hunn elo genee Miessunge, ënner Rücksicht vum nei entdeckten Nopeschplanéit CoRoT-7 c, datt CoRoT-7 b mat 4,8 Äerdmassen ee masseaarme Exoplanéit ass. Well och den Duerchmiesser vum CoRoT-7 b relativ kleng ass, gëtt hien zu den äerdänleche Planéiten an zu de sougenannte Superäerde gezielt.

D'Uewerflächentemperatur ass no Schätzunge wéinst der kuerzer Distanz zum Zentralstär iwwer 1300 Kelvin (~1000 Grad Celsius). D'Atmosphär besteet enger Simulatioun vun der Washington University zu St. Louis virun allem aus Natrium, Kalium, Siliziummonoxid a Sauerstoff. E klengen Deel maache Bestanddeeler aus: Magnesium, Aluminium, Kalzium an Eisen. Et gëtt ugeholl, datt dës Stoffer an héijeren Atmosphärschichte kondenséieren an et op CoRoT-7b dofir Kiselsteng „reent“.

Den Zentralstär änneren

Haaptartikel: CoRoT-7

De Stär CoRoT-7 ass en Haaptreiestär vum Spektraltyp K0 mat enger visueller Hellegkeet vun 11,7 Magnitud. Mat enger Uewerflächentemperatur vu ronn 5300 Kelvin ass hien änlech wéi eis Sonn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 (en) CoRoT-7 b – Eintrag bei Extrasolar Planets Encyclopaedia