Campanus (Moundkrater)
Moundkrater
De Campanus ass en Aschlagkrater am Südweste vun der viischter Moundsäit tëscht dem Mare Nubium an dem Palus Epidemiarum, südëstlech vum Krater Hippalus an nordwestlech vum Krater Mercator.
De Moundkrater Campanus mat Niewekrateren (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 28°2'24"S, 27°54'0"W |
---|---|
Duerchmiesser | 46,41 km |
Déift | 2000 m[1] |
Selenographesch Längt | 29° bei Sonnenopgank |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ19 |
Den eppes méi onreegelméisseg geformte Kraterrand ass wéineg erodéiert an ass am Zentrum zimmlech flaach, en huet awer och Terrassen.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 26,01° S, 28,73° W | 11 km | [1] |
B | 29,32° S, 29,29° W | 6 km | [2] |
G | 28,67° S, 31,41° W | 10 km | [3] |
K | 26,72° S, 28,49° W | 5 km | [4] |
X | 27,83° S, 27,48° W | 3 km | [5] |
Y | 27,87° S, 28,29° W | 4 km | [6] |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom italieenesche Mathematiker an Astronom Campanus vun Novara genannt.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Referenzen änneren
- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.