Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.


Brennpunkt Drëtt Welt ass eng lëtzebuergesch Zäitschrëft, déi vun der lëtzebuergescher Netregierungsorganisatioun (NRO) ASTM (Action Solidarité Tiers Monde) publizéiert gëtt. Zënter 1973 informéiert si reegelméisseg iwwer national an international Entwécklungszesummenaarbechtspolitik, behandelt aktuell Themen a géif de Leit vum Globale Süden hei zu Lëtzebuerg eng Stëmm ginn.

Brennpunkt Drëtt Welt
Typ Zäitschrëft
Land Lëtzebuerg
Websäit www.brenpunkt

Inhalter änneren

40 illustréiert Säiten op Däitsch a Franséisch an Englesch (an Spuenesch). Doriwwer eraus ergänzend Artikelen, Meenungen an Interviewen op der Internetsäit.[1]

Duerch déi ënnerschiddlech a breet Ausriichtung vun hiren Artikelschreiwer - aktive Membere vun der lëtzebuerger Entwécklungshëllef, Journalisten, Fuerscher, engagéierten Aktivisten, Biergerkollektiver, souwuel aus de Globale Süden an dem Globale Norden - kann de Brennpunkt Drëtt Welt déi ëffentlech Diskussioun iwwer den Iwwergang zu enger globaler Solidaritéit initiéieren a weiderféieren.

Méi wéi nëmmen Informatioun bitt de "Brennpunkt Drëtt Welt" Zougang zu kriteschen Inhalter, déi sech mat Iwwerleeungen an Handlungen beschäftegt, déi am Hibléck vun de klimateschen Grenzen, der Erhéijung vun der sozialer Ongerechtegkeet an dem ëmmer méi groussen Ofbau vun der Solidaritéit tëscht de Vëlker ëmmer méi wichteg ginn.

Verëffentlechungsfrequenz änneren

"Brennpunkt Drëtt Welt" kënnt zanter 2022 4 Mol am Joer eraus.Virdrun waren et 6 Mol an am Ufank esouguer 10 Mol.

Am Dezember 2017 ass den 300sten Nummer erauskomm.[2]

Am Joer 2023 huet de "Brennpunkt Drëtt Welt" seng 50 Joer gefeiert.[3]

Um Spaweck änneren

https://www.brennpunkt.lu/de/ueber-uns/