Action solidarité tiers monde

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Action solidarité tiers monde, besser bekannt ënner der Ofkierzung ASTM, ass eng lëtzebuergesch Netregierungsorganisatioun (NRO), déi 1969 ënner dem Numm Action formation des cadres gegrënnt gouf.

D'Ziler ware vu virera kloer:

  1. d'Ënnerstëtzung vun de Populatiounen op der südlecher Hallefkugel an
  2. d'Sensibiliséierung vun de Leit am Norden.

Hir Revue Brennpunkt Drëtt Welt ass fir d'éischt 1973 erauskomm. 1982 ass de Centre d'information tiers monde (CITIM) an d'Liewe geruff ginn, deen ënner anerem eng ëffentlech Bibliothéik bedreift. Nodeem 1984 d'Gesetz iwwer d'Kooperatioun zu Lëtzebuerg gestëmmt ginn ass, huet d'ASTM 1987 eng Konventioun mam Kulturministère ënnerschriwwe fir d'Grënnung vun der Agence culturelle. 1989 gouf den Numm vun der Associatioun an Action solidarité tiers monde geännert.

President ass de Richard Graf.

Klima-Bündnis änneren

Zesumme mat de Membergemengen sinn déi zwou Net-Regierungsorganisatiounen Action Solidarité Tiers Monde (ASTM) a Mouvement Ecologique (Méco) responsabel fir d'Koordinatioun vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg[1].

Wärend d'ASTM sech virun allem ëm d'Nord/Süd-Thema beschäftegt an de Membergemengen Erzéiungsprogrammer fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener ubitt, schafft de Mouvement Ecologique virun allem un Ëmweltproblemer wéi CO2-Reduktiounsprojeten an de Gemengen.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Lëtzebuerg