De Bloco de Esquerda, oder kuerz BE, (portugisesch fir "Lénksblock") ass eng antikapitalistësch Lénksextrem Partei.

Bloco de Esquerda
Ofkierzung BE
President Mariana Montágua
Gegrënnt 24. Mäerz 1999
Parteizentral R. da Palma, 268
1100-394 Lisboa
Jugendorganisatioun Jovens do Bloco[1]
Ideologie Marxismus-Leninismus
Antikapitalismus
Feminismus
Politesch Positioun Lénks[2] bis Lénksextremismus[3][4]
Europäesch Affiliatioun European Anti-Capitalist Left (EACL)
Faarf Rout
Websäit
https://bloco.org/

Geschicht änneren

D'Bloco de Esquerda gouf bei de Parlamentswalen 1999 aus véier Organisatioune gegrënnt: der marxistesch-leninistescher União Democrática Popular (UDP), der trotskistescher Partei Partido Socialista Revolucionário (PSR), der sozialistescher Grupp Política XXI an der trotzkistescher FER-Ruptura.

D'Partei ass krittesch vis-à-vis vun der Globaliséierung an der Europäescher Unioun a setzt sech fir eng méi gerecht Gesellschaft an. Domat ass d'Partei en demokratesche Sozialismus. D'BE beschreift sech souwuel als Partei (o Partido) an als Bewegung (o Movimento). Juristesch ass d'Partei, en Deel vun de véier Organisatiounen, déi decidéiert hunn de Lénksblock ze grënnen. Déi véier Organisatiounen existéieren nach ëmmer.

Zanter senger Grënnung am Joer 1999 hu sech vill fréier onofhängeg Lénk bei der BE ugeschloss. D'Partei ass zanter den Europawalen 2004 am Europaparlament vertrueden. No de portugisesche Parlamentswalen 2005 hat se aacht Vertrieder an der Assembleia da República, déi bal siwe Prozent, wat 360.000 Stëmme sinn, krut. Bei de Parlamentswalen am September 2009 konnt d'Bloco de Esquerda seng Zuel vun de Mandater op 16 verduebelen, a krut iwwer 4.500 Stëmmen (+3,47%). De Lénksblock huet traditionell héich Walresultater a verschiddene Quartiere vu Lissabon an an de Quartiere Faro a Setúbal erreecht.

Bei den Europawalen am Mee 2019 gouf d'Bloco de Esquerda déi drëttstäerkst politesch Kraaft a Portugal mat méi wéi 325000 Stëmmen. D'Marisa Isabel dos Santos Matias an de José Guilherme Figueiredo Nobre de Gusmão goufen als BE Vertrieder an d'Europaparlament gewielt.[5]

Bei de Chamberwalen am Januar 2022 war d'BE ee vun de Verléierer vun de Walen. Mat 244.603 Wieler huet si méi wéi d'Halschent vu senge 2019 Stëmme verluer an nëmmen 5 Parlamentssëtzer erreecht.

Bei de Walen fir Delegéiert op den 13. Parteikongress (Convenção Nacional) vum Bloco de Esquerda huet d'Plattform "Moção A" gefouert vun der Mariana Montágua 530 oder ronn 81% vun de 654 méiglechen Delegéierte Sëtzer erreecht. Op der Parteikonferenz, déi de 27. an 28. Mee 2023 zu Lissabon stattfonnt huet, gouf d'Mariana Montágua als nei Parteichef gewielt, well d'Marisa Matias net méi kandidéiert war.[6]

Um véierte Parteikongress vun der BE hunn iwwer 600 Delegéiert mat grousser Majoritéit fir déi vollstänneg Memberschaft vun der Europäescher Lénk gestëmmt, an där se bis dohin den Observateurstatus hat. D'BE wéilt eng méi aktiv Roll bei der Entwécklung vun enger alternativer europäescher Lénkspartei iwwerhuelen. D'BE gehéiert och zu der Europäescher Anti-Kapitalistesch Lénk (European Anti-Capitalist Left, kuerz EACL).

Walresultater änneren

  • Europawalen 1999: 1,79%, 0 Sëtz[7]
  • Parlamentswalen 1999: 2,4%, 2 Sëtz[8]
  • Presidentschaftswalen 2001: 3,0% (Kandidat war den Historiker Fernando Rosas)
  • Parlamentswalen 2002: 2,7%, 3 Sëtz[9]
  • Europawalen 2004: 4,91%, 1 Mandat[10]
  • Parlamentswalen 2005: 6,5%, 8 Sëtz[11]
  • Presidentschaftswalen 2006: 5,3% (Kandidat war den Ekonomist an Deputéierten Francisco Louçã)[12]
  • Europawalen 2009: 10,72%, 3 Mandater
  • Parlamentswalen 2009: 9,82%, 16 Sëtz[13]
  • Parlamentswalen 2011: 5,17%, 8 Sëtz[14]
  • Europawalen 2014: 4,56%, 1 Mandat[15]
  • Parlamentswalen 2015: 10,19%, 19 Sëtz[16]
  • Europawalen 2019: 9,82%, 2 Mandater[17]
  • Parlamentswalen 2019: 9,52%, 19 Sëtz
  • Parlamentswalen 2022: 4,46%, 5 Sëtz

Um Spaweck änneren

  1. https://www.bloco.org/jovens/not%C3%ADcias/item/3377-resultados-da-vii-confer%C3%AAncia-de-jovens-do-bloco-de-esquerda.html
  2. https://perspective.usherbrooke.ca/bilan/servlet/BMAnalyse?codeAnalyse=2009
  3. https://ciencia.iscte-iul.pt/publications/few-but-pure-and-good-members-are-preferred-to-a-mass---party-----the---portuguese---communist--/26128
  4. https://www.reuters.com/article/us-portugal-politics/as-europe-left-struggles-portugals-alliance-wins-over-voters-and-brussels-idUSKBN1721LF/
  5. Europeias 2019 - Resultados Globais. www.eleicoes.mai.gov.pt. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  6. (pt)Lusa, Moção de Mariana Mortágua elegeu 81% dos delegados à Convenção Nacional do BE. PÚBLICO (2023-05-21). Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  7. Wayback Machine. web.archive.org (2009-12-21) Archivéiert op 2009-12-21. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  8. Wayback Machine. web.archive.org (2010-06-01) Archivéiert op 2010-06-01. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  9. Wayback Machine. web.archive.org (2007-06-09) Archivéiert op 2007-06-09. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  10. Wayback Machine. web.archive.org (2009-12-17) Archivéiert op 2009-12-17. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  11. Wayback Machine. web.archive.org (2009-06-11) Archivéiert op 2009-06-11. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  12. Wayback Machine. web.archive.org (2012-08-21) Archivéiert op 2012-08-21. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  13. Legislativas 2009 - Resultados Nacionais. www.eleicoes.mai.gov.pt. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  14. Wayback Machine. web.archive.org (2014-10-20) Archivéiert op 2014-10-20. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  15. Europeias 2014 - Resultados Globais. www.eleicoes.mai.gov.pt. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  16. Legislativas 2015 - Resultados Globais. www.eleicoes.mai.gov.pt. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  17. Europeias 2019 - Resultados Globais. web.archive.org (2019-06-20) Archivéiert op 2019-06-20. Gekuckt de(n) 2024-01-25.