--Cornischong 23:02, 14 Dezember 2006 (UTC)

Merci fir d'Mataarbecht, trotz dem klenge Patzer beim Messier. --SITCK 22:38, 19 Dezember 2006 (UTC)

'T war e Versiounskonflikt änneren

Moien, dat war e Versiounskonflikt, well mer zu 2 gläichzäiteg geschriwwen hunn. Waart een Amet, ech béien dat riicht. (A merci fir d'Iwwerliesen!)Zinneke 15:41, 22. Aug. 2010 (UTC).Äntweren

Minière Prince Henri änneren

Ech weess leider och net wou se zu Dätsch-Oth erauskomme soll. Ech hunn dat esou an den Artikel geschriwwen, well et esou op dem Panneau virun der Mine steet. --Otets 14:45, 10. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Ech hunn emol e puer Bekannten aus deem Eck eng Mail gemaach, fir ze froen. Vläicht kann nach ee sech erënneren, oder e kennt vläicht een deen nach e kennt :-)

Dicks: Anekdoten änneren

Et wir interessant, déi genau Referenzen ze hunn (mat der Säit, wou dat steet, a mat prezise bibliographeschen Donneeën, wat d'Viandener Chronik ubelaangt. Kanns du dat w.e.g. dobäi schreiwen? Merci.--Jamcelsus 14:04, 14. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Et deet mer leed ech hunn déi Referenz aus dem Carlo Hemmer sengem Bichelchen. Méi huet hien och net uginn. Pierrenilles 14:27, 14. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Elektrotechnik änneren

An den Referenzen geht et em études électricité an cours électrotechnique. Wéi gesoot irgendeen verwiesselt hei eppes respektiv verstet Definitionen falsch. Hei geht et em Elektrotechnik an net den Studium Elektrotechnik !

Genau sou ass Deitsch allgemeng eng Sproch. Natierlech dat Wuet ass awer och an keng Srpoochenwessenschafft.

Nicolas Cito änneren

Gudde Moien, Et ass net un der Wikipedia ze jugéieren ob den Titel vun engem Medien-Artikel eng richteg oder falsch Ausso huet. De sic an der Nott 14 vum Artikel Nicolas Cito ("Den Nicolas Cito soll fort, "Lëtz Rise Up" géint Glorifikatioun vum Kolonialismus a senge Verfechter."[sic], rtl.lu, 16.08.2022; gekuckt de 16. August 2022) ass duerfir et ubruecht an ech hunn en erëm wech geholl. Sultan Edijingo (Diskussioun) 10:22, 18. Aug. 2022 (UTC)Äntweren