Jean-marie~lbwiki
|
Les Meloures 21:21, 15. Feb. 2009 (UTC)
Äntwert op Är Fro um Stamminet änneren
Hei, wat ech Iech um "Stamminet" g'äntwert hunn:
Moien Här Biwer, villmools Merci fir Ären Intressi! Dat hei ass schonns déi richteg Säit, fir dëst Thema ze beschwätzen.
Fir d'éischt emol zum Thema "Reklamm an net": D'Wikipedia versicht, eng neutral an objektiv ("enzyklopedesch") Approche zu den Themen ze hunn, déi beschriwwe ginn. Ee Critère ass d'Relevanz: Bei Kënschtler ass d'Linn tëschent Hobbymoler, talentéierte Fräizäitkënschtler a Fräischaffenden net ëmmer liicht ze zéien. Bei deene Leit awer, déi Dir opgezielt hutt (Iech abegraff) ass et jo esou, dass déi sech duerchaus "en Numm" an hirem Domaine gemaach hunn, dofir gesinn ech kee Probleem, dass et iwwert si hei en Artikel gëtt. Dat zweet ass, wat dodra kënnt. Dir schreift selwer, dass der dat Ganzt "objektiv an sou kuerz wéi méiglech" hale wéilt. Ma genee sou soll et sinn ;-)! E biographeschen Artikel soll en neutralen a konzisen Iwwerbléck iwwert eng Persoun ginn an dat, wat se mécht oder gemaach huet, firwat se an engem enzyklopedeschen Artikel steet.
Zu de Fotoen a Biller: Senge Grënnungsprinzipen no ass d'Wikipedia eng "fräi" Enzyklopedie, d.h., datt d'Mataarbechter d'Rechter op dat, wat se publizéieren, der "Allgemengheet" oftrieden. Bei Fotoe bedeit dat, dass dës entweder schonn am 'Public domain' solle sinn, oder awer vun deem, dee se gemaach huet, eng fräi Lizenz kréien (déi Gängest ass 'Creative Commons Share alike Author Namend', d.h. et dierf jidderee se weider gebrauchen, mee net ënner enger "manner fräier" Lizenz, an den Auteur muss ëmmer ernimmt ginn). Wann Der der do hätt (z.B., déi Dir selwer vun anere Leit gemaach hutt), an Der bereet sitt, déi ënnert deene Bedingungen op der Wikipedia ze publizéieren (déi Leit drop natierlech och), wier dat natierlech méi wéi wëllkomm. Falls Der Probleemer oder Froen hätt, kritt der gär vun engem, dee grad hei online ass, gehollef.
Zum Lëtzebuergesch-Schreiwen: Bal jiddereen ass an Ärem Fall, well d'Ëmstänn sinn, wéi se sinn, mee weider keen Drama, a sollt sécher keen Hënnerungsgrond sinn, ze schreiwen. Och hei kritt Der gär vun engem anere Matschreiwert ënnert d'Äerm gegraff (well d'Prinzip vun der Wikipedia ass jo, dass jiddereen, deen eppes bäidroe kann, dat och maache kann). Mat der Zäit gesäit een dann, wat verbessert gouf, an da kann een déi gängest "Feeler" liicht vermeiden. Op eng gutt Zesummenaarbecht! --Zinneke 14:34, 16. Feb. 2009 (UTC)
Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt änneren
Bonjour,
D'Entwécklungséquippe vun der Wikimedia Foundation mécht e puer Ännerungen, déi d'Funktionéiere vu Benotzerkonten uginn. Dëst geschitt als Deel vun eise kontinuéierliche Beméiungen, fir eise Benotzer nei a besser Funktiounen (wéie Notifikatiounen vun enger Wiki op eng Aner) zur Verfügung ze stellen. Dës Ännerungen hunn als Konsequenz, datt d'Benotzer iwwerall deeselwechte Benotzernumm hunn. Doduerch kënne mir Iech nei Funktiounen zur Verfügung stellen, déi d'Méiglechkeete beim Änneren a bäi Diskussioune verbesseren. Et ginn och méi flexibel Benotzerrechter fir Tools zur Verfügung gestallt. Eng Bedingung dofir ass, datt Benotzerkonten elo eendeiteg iwwer all 900 Wikimedia-Wikien zougedeelt musse sinn. Méi Informatioune fannt Dir op dëser Säit.
Leider huet Äre Benotzerkont eng Nummkollisioun mat engem anere Benotzerkont mam Numm Jean-marie. Fir sécherzestellen, datt weiderhin déi zwee Benotzer op de Wikimedia-Projete schaffe kënnen, gëtt Ären Numm op Jean-marie~lbwiki ëmbenannt. Äre Benotzerkont wäert am April 2015 zesumme mat anere Benotzerkonten ëmbenannt ginn.
Äre Benotzerkont wäert weiderhi wéi gewinnt funktionéieren an Dir gitt als Auteur vun allen Ännerungen déi Dir bis elo gemaach hutt genannt ginn, awer Dir musst beim Aloggen deen neie Benotzernumm benotze mussen. Wann Iech Ären neie Benotzernumm net gefält, kënnt Dir mat dësem Formulaire ufroe fir nach emol ëmbenannt ze ginn.
Entschëllegt w.e.g. d'Ëmstänn déi dëst Iech mécht.
Yours,
Keegan Peterzell
Community Liaison, Wikimedia Foundation
03:13, 18. Mäe. 2015 (UTC)
Ëmbenannt änneren
Dëse Benotzerkont gouf ëmbenannt am Kader vun der Annonce vun der Finalisatioun vum 'Single User Login'. Wann Iech dëse Benotzerkont gehéiert da kënnt dir Iech alogge mat Ärem virege Benotzernumm a Passwuert fir méi Informatiounen. Wann Dir dësen Numm vum Benotzerkont net wëllt da kënnt Dir, nodeem Dir Iech ageloggt hutt, dëse Formulaire benotzen Spezial:Global Ufro fir Benotzer ëmzebenennen fir en anere Benotzernumm unzefroen. -- Keegan (WMF) (talk)
09:24, 19. Abr. 2015 (UTC)