Barnard (Moundkrater)

Moundkrater


De Barnard ass en Aschlagkrater um ëstleche Rand vun der viischter Moundsäit, nordwestlech vum Mare Australe, südëstlech vum grousse Krater Humboldt. De Kraterrand ass staark erodéiert a gëtt am Süde vum Niewekrater Barnard A iwwerlagert. Dat Bannenzegt ass hiwweleg.

Barnard
D'Moundkratere Barnard (lénks) an Humboldt (riets) op enger Foto vun Apollo 15
Koordinaten 29°47'24"S, 85°57'0"O
Duerchmiesser 115,73 km
Déift 2660 m[1]
Selenographesch Längt 276° bei Sonnenopgank
Genannt no Edward Emerson Barnard
Genannt am Joer 1964
Moundvéiereck LQ21
Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 32,06° S, 85,11° O7 16 km [1]
D 31,38° S, 89,13° O7 52 km [2]

De Krater gouf 1964 vun der I.A.U. nom US-amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.