Autopsie (Roman)

Roman vum Nico Helminger
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Autopsie ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Nico Helminger, deen 2014 am Verlag ultimomondo erauskoum.

Autopsie
Auteur Nico Helminger
Erauskomm 2014
Editeur ultimomondo

Wourëms geet et am Roman? änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Autopsie beschreift an der Ech-Erzielung d'Jugend vum Joe Schreiber, deen an den 1980er Joren zu Lëtzebuerg opwiisst. Hie lieft deelweis an engem Heem, well säi Papp, nodeems seng Mamm fortgaangen ass, net eens dermat gouf, en opzezillen. De Roamn thematiséiert dem Joe seng Gefiller, säi bannenzegen Duercherneen a seng verzweiwelt Sich no engem Auswee aus dem Heem, dat en ënnerdréckt, ma och en Auswee aus dem Gefill, net gewollt ze sinn an néierens dozouzegehéieren...

Soss änneren

Am Roman ginn och Evenementer vun den 1980er Joren thematiséiert, wéi déi onstabil politesch Situatioun, d'Bommeleeër-Attentater, de Besuch vum Poopst Jean-Paul II. oder och d'Massakere vu Waldbëlleg an d'nuklear Katastroph vun Tschernobyl.

Kriticken änneren

...dem Nico Helminger säi Wierk [ass] net nëmmen eng multipel Autopsie – vum Joe Schreiber senger Psyche, vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an den 80er Joren esou wéi net zulescht och vun eis selwer. Duerch den direkten an entwaffnende Stil bleift d'Buch dem Lieser nach laang am Gediechtnes, mee et ass och en Beispill fir Sënn, Zweck an Wierkung vun der Literatur.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Charlotte Wirth: "Do e Mask un Joe, a maach mat...". "Autopsie" vum Nico Helminger. In: forum, Nr. 342 (Juli-August 2014), S. 58-59.