Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Amici miei ass en italieenesche Film vum Mario Monicelli aus dem Joer 1975.

Amici miei
Film
Produktiounsland Italien
Première 26. Juli 1975
Dauer 113 min
Faarf Faarweg
Format 1,85:1
Originalsprooch Italieenesch
Ekipp
Regie Mario Monicelli
Dréibuch Leonardo Benvenuti
Piero De Bernardi
Pietro Germi
Tullio Pinelli
Fotografie Luigi Kuveiller
Musek Carlo Rustichelli
Schnëtt Ruggero Mastroianni
Dekoren Lorenzo Baraldi
Schauspiller
Ugo Tognazzi als Lello Mascetti
Gastone Moschin als Rambaldo Melandri
Philippe Noiret als Giorgio Perozzi
Duilio Del Prete als Guido Necchi
Adolfo Celi als Alfeo Sassaroli
Bernard Blier als Righi Niccolò
Angela Goodwin als Nora Perozzi
Olga Karlatos als Donatella Sassaroli
Maurizio Scattorin
Silvia Dionisio als Titti
Franca Tamantini als Carmen Necchi
Milena Vukotic als Alice Mascetti
Edda Ferroano
Marisa Traversi
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Fënnef Frënn, déi sech vu Kand u kennen, wunnen zu Florenz. Si versichen näischt am Liewen eescht ze huelen an ameséiere sech, zingarate (Spiichten) z'erfannen an duerchzezéien: Zum Beispill debarquéiere se an engem klengen Dierfchen an de Bierger, als Ingenieure verkleet, an diskutéieren haart op der Duerfplaz, wat alles fir déi nei Autobunn ofgerappt misst ginn, déi flatsch derduerch soll goen, ier se nees fortfueren, an d'Duerfleit an heller Opreegung hannert sech loossen...

Soss änneren

De Film war e gellege Succès an Italien: E louch dat Joer am Box-office, nach virun Jaws, op éischter Plaz. Et gëtt zwou Suitten: Amici miei atto II (1982, och vu Monicelli), an Amici miei atto III (1985) vum Nanni Loy.

Um Spaweck änneren