Achêne ass eng Sektioun vun der belscher Stad Ciney an der Provënz Namouer.

Achêne
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Namouer
Arrondissement Dinant
Gemeng Ciney
Fläch 1 748
Koordinaten 50° 15’ 59’’ N
      05° 02’ 40’’ O
Telefonszon 083
Postcode 5590

Bis zu der belscher Gemengereform vun 1977 war Achêne eng eegestänneg Gemeng. Zu der fréierer Gemeng hunn nach d'Uertschafte Fays an Onthaine gehéiert.

Achêne ass en typescht Bauerenduerf a läit am Dall vun der klenger Baach Naclinal déi d'Weiere vun Taviet fiddert. Taviet huet fréier zu Ciney gehéiert a koum 1977 bei de Gemengefusiounen an d'Gemeng Dinant.

Kuckeswäertes änneren


  Sektiounen an der Gemeng Ciney  

Ciney - Achêne - Braibant - Chevetogne - Conneux - Leignon - Pessoux - Serinchamps - Sovet

Um Spaweck änneren

Commons: Achêne – Biller, Videoen oder Audiodateien