AVL-CN6

Stater Nuetsbuslinn (AVL)

D'AVL-Linn CN6 ass eng vun den Nuetslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.

AVL-CN6
City Night Bus 6
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O
op Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O
iwwer Uewerstad, Eech, Beggen, Dummeldeng, Weimeschkierch
Bustyp Standardbus
opgaang 3. November 2019
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 9.991 m
Fuerzäit 25 min
mëttel Vitess 23,98 km/h

Se fiert zanter dem 3. November 2019 de Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – all hallef Stonn vum Hamilius aus, wou se Uschloss un déi aner CN-Linnen huet, an déi verschidde Quartiere vun der Stad, absënns Eech, Beggen an Dummeldeng.

D'Linn CN6 ass eng Ronnfaart an huet nëmmen een Terminus; op hirem Trajet huet se 23 Halten a brauch 25 Minutte fir eng Faart.

Halten op der Linn CN6 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn CN6 Bemierkung
  Hamilius Uschloss un d'Linnen

CN1, CN2, CN3, CN4, CN5, CN7, CN8

  Badanstalt
  Crispinus
  Octroi
  Eecher Plaz
  Eecher Klinick
  Émile Metz
  Henri Heymanns
  Binnchen
  Beggen, Kierch
  Cyprien Merjai
  Chingiz Aitmatov
  Château
  Van der Meulen
  Biechelchen
  Tommys Bruch
  Knupp
  Lavals Park
  Eecher Plaz
  Octroi
  Crispinus
  Badanstalt
  Hamilius Uschloss un d'Linnen

CN1, CN2, CN3, CN4, CN5, CN7, CN8

Entwécklung vun der Linn CN6 änneren

  • virum 03.11.2019: et gouf keng Linn CN6

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne CN6 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren