AB-Doradus-Beweegungskoup

Den AB-Doradus-Beweegungskoup huet ongeféier drësseg jonk Stären, déi sech a Bezuch op hire geschaten Alter vu 50 bis 119 Millioune Joer, hir Metallizitéit, an hir kollektiv Eegebeweegung gläichen.

Den AB-Doradus-Beweegungskoup ass ongeféier 20 Parsec vun eis ewech an domat de sonnennächste Beweegungskoup. Mat néng Stären am Ëmkrees vun zéng Parsec, also eppes méi wéi 30 Liichtjoer, bilt d'Stäresystem AB Doradus d'Kärregioun vum Beweegungskoup.

Seng méi kleng Komponente si gréisstendeels spéit K-Stären. Vill vun hinne kéinte sech nach weider ophëtzen oder sinn nach vu Stëbs ëmginn. Fir deen eppes méi alen HD 40307, deen aacht Liichtjoer vum AB Doradus ewechläit, goufe scho sechs Exoplanéiten nogewisen.[1]

Dëst System ass awer keen Deel vun der Beweegungsgrupp.

Duerch säi jonken Alter a seng kleng Distanz eegent sech den AB-Doradus-Beweegungskoup nieft de Regiounen ëm den TW Hydrae an de β Pictoris ideal fir d'Sich no extrasolare Planéiten a fir d'Fuerschung vun der Genesis vu Planéitesystemer an hirer Entwécklung ëm jonk Stären. Mat den neisten Techniken däerft et méiglech sinn, eventuell Komponente bildlech festzuhalen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Mini-Invasion der Exoplaneten – Artikel bei Telepolis, vum 17. Juni 2008