HD 40307
Positioun vum HD 40307
Stärebild: Pictor (Pic)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 05h 54m 04.241s
Deklinatioun - 60° 01' 24.50"[1]
visuell Magnitude + 7,17 mag[1]
Spektralklass: K3 V[1]
Astrometrie
Radialvitess: (30,7 ± 0,3) km/s[2]
Parallax (76,95 ± 0,37) mas
Distanz (42,39 ± 0,20) Lj
Absolut Hellegkeet +6,60 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: ~ 0,8 M☉
Radius: 0,77 R☉
Liichtkraaft: 0,191 L☉
Uewerflächentemperatur 4.730 K
Aner Bezeechnungen
CD −60° 1303
Bonner Duerchmusterung BD +40°673
Gliese 2046
Henry-Draper-Katalog HD 40307
Hipparcos-Katalog HIP 27887
SAO-Katalog SAO 249388
Tycho-Katalog TYC 8892/1247/1

Den HD 40307 ass en Haaptreiestär vun der Spektralklass K 2.5 am Stärebild Pictor. Hie läit 41,8 Liichtjoer vun eis ewech. Bis elo konnte sechs Planéiten nogewise ginn, déi ëm den HD 40307 kreesen. De Stär huet nach keen eegenen Numm, dofir gëtt seng Katalognummer aus dem Henry-Draper-Katalog als Bezeechnung gebraucht.

Physikalesch Eegenschaften änneren

Den HD 40307 ass mat engem Radius vun 0,77 Sonneradien eppes méi kleng an och méi liichtschwaach wéi eis Sonn. Béid Stäre sinn Zwergstären. Mam K2.5 gehéiert de HD 40307 awer zu enger spéiderer Spektralklass wéi eis Sonn mat G2. Dësen Ënnerscheed kënnt duerch déi géintiwwer der Sonn eppes méi kal Uewerflächentemperatur vun zirka 4500 °C (4730 ± 50 K) zustan.

Wéi d'Sonn ass den HD 40307 en Haaptreienstär mat der Liichtkraaftklass V. Si sinn also an der stabiler Phas vum Waasserstoffbrennen. D'Ofwäichunge vun de physikalesche Parameteren tëscht dem HD 40307 an der Sonn sind haaptsächlech duerch déi ënnerschiddlech Stäremass bedéngt. Dat spigelt sech och an der Lag vun de Stären zueneen op der Haaptrei zeréck. D'Mass vum HD 40307 ass ongeféier 0,77 Sonnemassen. Dofir bleift de Stär ongeféier 15 bis 20 Milliarde Joer, a sou en ettlech Milliarde Joer méi laang wéi d'Sonn (11,4 Mrd. Joer), an der Haaptrei.

Um Enn vu sengem Liewe wäert de HD 40307 säi Waasserstoff verbrauchen, an den Zoustand vun engem Roude Ris erreechen, dee seng Planéite verschlénge wäert, a schliisslech als Wäissen Zwerg endegt.

Planéitesystem änneren

Den HD 40307 gëtt vun op d'mannst sechs Planéiten ëmkreest, déi déi virleefeg Bezeechnungen HD 40307 b, HD 40307 c, HD 40307 d, HD 40307 e, HD 40307 f an HD 40307 g kritt hunn. Et handelt sech dobäi bei allen ëm sougenannt Superäerden, dee klengsten dovun ass ongeféier véiermol sou schwéier wéi d'Äerd. Wéi d'Planéite genee beschafe sinn, ass nach onkloer.

Hir Mass gëtt mat der 4,2-facher, 6,7-facher an 9,4-facher Mass vun eiser Äerd uginn.[3] Mat 4,3, 9,6, 20,4, 34,6 an 51,76 Deeg kreesen déi bannenzeg fënnef Begleeder vill méi séier ëm hire Stär wéi eise sonnennächste Planéit Merkur.

Déi dräi Exoplanéite ware mam Spektrograph HARPS um chileenesche La-Silla-Observatoire vun der Europäescher Organisatioun fir astronomesch Fuerschung op der südlecher Hemisphär (ESO) entdeckt ginn.

Duerch eng genee Miessung mat enger neier Method, déi natierlech Liichtschwankunge vum Stär vun de Signaler vu senge méiglechen Trabanten trennt, waren dräi weider Planéiten ze gesinn. Dee baussenzegen, den HD 40307 g, huet ongeféier déi siwefach Mass vun der Äerd a kreest an der habitabeler Zon ëm säi Stär. Aus deem Grond ass do méiglecherweis Waasser an eng Atmosphär ze fannen.[4]

Planéit
(no der Distanz vum Zentralstär)
Mass
(an MJ)[5]
Ëmlafzäit
(an Deeg)
Grouss Hallefachs
(an AE)
HD 40307 b 0,0126 4,31 0,05
HD 40307 c 0,0208 9,62 0,08
HD 40307 d 0,0299 20,43 0,13
HD 40307 e 0,011 34,62 0,19
HD 40307 f 0,0164 51,76 0,25
HD 40307 g 0,0223 197,8 0,6

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Hipparcos-Katalog (ESA 1997)
  2. Pulkovo radial velocities for 35493 HIP stars
  3. Mini-Invasion der Exoplaneten – Artikel bei Telepolis, vum 17. Juni 2008
  4. Mikko Tuomi, Guillem Anglada-Escudé, Enrico Gerlach, Hugh R. A. Jones, Ansgar Reiners, Eugenio J. Rivera, Steven S. Vogt & R. Paul Butler: Habitable-zone super-Earth candidate in a six-planet system around the K2.5V star HD 40307. Astronomy & Astrophysics, November 8, 2012 PDF
  5. Notes for star HD 40307, HD 40307 in der Exoplaneten-Enzyklopädie