(230965) 2004 XA192

Asteroid


Den (230965) 2004 XA192 ass en transneptuneschen Objet, deen am August 2004 am Palomar-Observatoire entdeckt gouf. Hie gehéiert zu der Kategorie vun de Scattered disk Objeten.

(230965) 2004 XA192
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp SDO
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 47,29 A.E.
Exzentrizitéit 0,2500
Sideresch Ëmlafzäit 325 a 3 M
Inklinatioun 38,075 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 339 km
Albedo 0,26
Absolut Hellegkeet 4,1M
Entdeckung
Entdecker Palomar
Entdeckungsdatum 12. August 2004
Plaz Palomar-Observatoire

Bunneegenschaften änneren

Den 2004 XA192 beweegt sech op enger elliptescher Ëmlafbunn (Exzentrizitéit = 0,250), mat enger Ëmlafzäit vun 325 Joer a knapps 3 Méint. Am November 2015 ass hien op enger Distanz vu 35,8 AE vun eiser Sonn ewech, no beim Perihel, deen hien Enn Mäerz 2019 erreecht.

änneren

Ënnersich vun 2013 mam Herschel-Weltraumteleskop (Instrumenter: SPIRE a PACS) kombinéiert mat den iwwerschafften Date vum Spitzer-Weltraumteleskop (Instrument MIPS) kommen zum Schluss, datt den Duerchmiesser vum 2004 XA192 ongeféier 340 km grouss ass, allerdéngs mat enger Feelerbandbreet vun zirka 100 km a béid Richtungen.

Zwergplanéitekandidat änneren

Et ass méiglech, datt den 2004 XA192 wéinst senger Gréisst am hydrostatesche Gläichgewiicht ass, a sou zimmlech ronn kéint sinn. De Mike Brown huet den 2004 XA192 als warscheinlechen Zwergplanéit agestuuft, goung dobäi awer nach vu 583 km Duerchmiesser aus.

Erfuerschung änneren

No senger gouf den 2004 XA192 och op eelere Fotoe vun 1989 erëmfonnt. An der Tëschenzäit ass den Objet 31-mol a 25 Joer observéiert ginn (Stand Nov. 2015), soudatt d'Bunnparametere relativ genee bekannt sinn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

<ref name=TNOsCool8>E. Vilenius, C. Kiss, T. Müller, M. Mommert, P. Santos-Sanz, A. Pál, J. Stansberry, M. Mueller, N. Peixinho, E. Lellouch, S. Fornasier, A. Delsanti, A. Thirouin, J. L. Ortiz, R. Duffard, D. Perna, and F. Henry (2014) (en) TNOs are Cool: A survey of the trans-Neptunian region. X. Analysis of classical Kuiper belt objects from Herschel* and Spitzer observations S. 13