Étienne
männleche Virnumm
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Virnumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
Étienne oder Etienne ass déi franséisch Form vum Stefan oder Steven an, am franséischsproochege Raum a ronderëm, e geleefege männleche Virnumm. Étienne kënnt awer och als Familljennumm vir.
Étienne | |
---|---|
Geschlecht | männleche Virnumm |
Aussprooch | /etjɛn/ |
Namensdag | 26. Dezember |
Ursprong | |
Genannt no | Hellege Stephanus |
Varianten | |
Alternativen | Stefan, Stephan, Steve, Steven, Steffen |
Spëtznumm | Ët(chen), Ët(es), Ëti |
Anert Geschlecht | Étiennette, Tiennette, Stéphanie |
Änleche Familljennumm | Étienne |
Ursprong a Bedeitung vum Numm änneren
Den Numm Étienne geet gemenkerhand op den éischte Märtyrer vum chrëschtleche Glawen, den Hellege Stephanus, zeréck.
Namensdag änneren
Den Étienne feiert säin Namensdag op Stiefesdag, de 26. Dezember, als Referenz un den Hellege Stephanus.
Varianten an Ofkierzungen änneren
Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Ët(chen), Ët(es), Ëti[1].
An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z. B.: Esteban, Stepas, Steponas, Stefano, Stephen, …
Leit mat deem Virnumm änneren
Étienne änneren
- Étienne Galowich (1872-1925), ungaresche Konschtschmadd
- Étienne Lenoir (1822-1900), belschen Erfinder
- Étienne Périer (* 1931), belsche Filmregisseur an Dréibuchauteur
- Étienne Schmit (1886-1937), lëtzebuergesche Jurist
Etienne änneren
- Etienne Bausch (1901-1970), lëtzebuergesche Foussballspiller
- Etienne Schneider (* 1971), lëtzebuergesche Politiker
- Etienne Weber (1887-1957), lëtzebuergesche Politiker
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Etienne – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Étienne – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-12.