D'Zytoskelett besteet aus Proteinfilamenter déi den Zytosol vun enger Zell duerchzéien. Seng Roll ass dräifach:

  • et ass eng mechanesch Stäip fir d'Zell a gëtt hir sou From a Stabilitéit
  • et erméigelecht den Transport vu Substanzen bannent der Zell
  • et ass responsabel fir d'Bewegung vun den Zellen (déi sech beweege kënnen)

Et gëtt dräi Gruppe vu Proteinnen déi d'Zytoskelett bilden

  • Actinfilamenter bestinn aus der polymeriséierter Protein Actin, si kommen ë. a. an de Muskele vir, wou se zesumme mat der Protein Myosin fir d'Muskelkontraktioun verantwortlech sinn.
  • Microtubuli bestinn aus der polymeriséierter Protein Tubulin, si hunn ë. a. bei der Zelldeelung eng wichteg Roll well d'Chromosomen vun hinnen auserneegezu ginn.
  • Intermediärfilamenter bestinn aus verschiddene Proteinnen, z. B. Vimentin. Si hunn déi gréisst mechanesch Stabilitéit a sinn dofir heefeg an Zellen déi grousse mechanesche Konrtainten ausgesat sinn, z. B. am Daarmepithel. Si sinn un den Desmosomen an der Zellmembran verankert.

Um Spaweck änneren

Commons: Zytoskeletter – Biller, Videoen oder Audiodateien