Zwerggalaxië sinn extragalaktesch Stäresystemer, déi zwar an der Morphologie den normale Galaxië gläichen, awer eng däitlech méi schwaach absolut Hellegkeet hunn. Fir dës Ofgrenzung gëtt meeschtens entweeder eng Hellegkeet vu -16 mag gewielt, oder en Duerchmiesser vun ënner 7.000 Parsec (22.000 Liichtjoer).

Et gëtt méi Zwerggalaxië grouss Galaxien, awer op méi groussen Distanzen naturgeméiss méi schwéier z'observéieren. Si hunn e grousse Prozentsaz vun ellipteschen a Kugelformen (dE, dSph) an irregulärer Formen (dIrr).

Bekannt (relativ hell) Beispiller sinn déi zwéi Begleeder M 32 an M 110 vum Andromedaniwwel, d'Canis-Major-Zwerggalaxis oder d'Sagittarius-Zwerggalaxis. E Beispill fir eng ganz no Galaxis déi awer schwéier z'observéieren ass, ass d'Zwerggalaxis Draco.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Dwarf galaxies – Biller, Videoen oder Audiodateien