Den Zitrounesänger (Protonotaria citrea) ass eng Vullenaart aus der Famill vun de Bëschsänger an der Ënneruerdnung vun de Sangvullen.

Zitrounesänger
Zitrounesänger

Zitrounesänger
Zitrounesänger
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Famill: Bëschsänger
Gattung: Protonotaria
Aart: Zitrounesänger
Wëssenschaftlechen Numm
Protonotaria citrea

Am Däitschen heescht de Vull Zitronenwaldsänger, am Franséische paruline orangée.

Wéi s ausgesinn änneren

Vun uewe gesinn ass d'Plommekleed olivgréng mat blo-groe Flilleken a Schwanzplommen. Déi baussenzeg Plommen hu wäiss Flecken. D'Bauchsäit ass giel. D'Weibchen an déi Jonk hunn e giele Kapp, de Männchen en orange-gielen. D'Zitrounesänger hunn donkelgro bis schwaarz Been, schwaarz Aen an e spatze laange Schniewel. Hire Kierper ass eng 14 Zentimeter laang.

Wou se liewen änneren

Den Zitrounesänger lieft an Amerika. Den typesche Liewensraum vum Zitrounesänger si Suppe mat Beem.

Wat se friessen änneren

Zitrounesänger friessen Insekten, déi se meeschtens am vermuuschten Holz fannen, Schleeken a Kriibsdéieren. Jee no der Saison kommen nach Nektar an Uebst mat dobäi.

Wéi se sech reproduzéieren änneren

Fir ze liesen änneren

  • L.J. Petit: Prothonotary Warbler (Protonotaria citrea). in: The Birds of North America, No. 408, A. Poole and F. Gill, eds. The Birds of North America, Inc., Philadelphia, PA, 1999.