Als Zentralvulkan gëtt e Schichtvulkan bannenzeg vun engem Vulkansystem bezeechent, wann hien dacks Eruptiounen weist a souwuel mafischt, andesitescht a felsitescht Material ausstéisst. Zentralvulkane ginn an der Reegel vun enger Magmakummer an niddreger Déift gespeist. De Begrëff ass haaptsächlech an Island verbreet a gëtt do besonnesch fir déi gréisst Vulkane benotzt, déi sech duerch agebrache Calderen auszeechnen.[1]

Schematesch Duerstellung vun engem Zentralvulkan
Geologesch Kaart vun Island mat Vulkansystemer an en ettlech Zentralvulkaner (nëmmen e puer Beispiller)

Bezéiung tëscht Zentralvulkan a Vulkansystem

änneren

Zesumme mat de Bréch a Spléckeschwäerm déi vun him an alle méigleche Richtungen ausginn , déi Intrusiounen oder Krateren a Kraterreie geneesou wéi Héichtemperaturgebidder kënne sinn, bilt den Zentralvulkan ee vun him dominéierte Vulkansystem.[2]

Wat zu engem bestëmmte Vulkansystem gehéiert, a wat net, gëtt normalerweis duerch déi cheemesch Zesummesetzung vum Eruptivgestengs vu Krateren a vulkanesche Bréch bestëmmt. Vulkansystemer hunn trotz ënnerschiddlecher Zesummesetzung vun de Magmen am Eenzelfall dach eng Aart kollektive "Fangerofdrock". Ausserdeem schléisst ee vun der Gläichzäitegkeet vu Vulkanausbréch am Zentralvulkan an an ugeschlossene Brochsystemer op hir Zougehéieregkeet, sou z. B. bei de gläichzäitegen Ausbréch vum Grímsvötn (Zentralvulkan) an de Lakikrateren, 1783.

Referenzen

änneren
  1. Agust Gudmundsson: Infrastructure and mechanics of volcanic systems in Iceland. In: Journal of Volcanology and Geothermal Research, Volume 64, Issues 1–2 (Februar 1995), S. 1–22, doi:10.1016/0377-0273(95)92782-Q
  2. Halldór Kjartansson: Das isländische Grundgebirge, in: Ari Trausti Guðmundsson: Lebende Erde. Facetten der Geologie Islands. Reykjavík, Mál og menning, 2007, S. 41