Zeilespronkverfahren
Ënner dem Zeilespronkverfahren (eng.: Interlaced-Modus) versteet een d'Method, fir beweegt Biller opzehuelen, z'iwwerdroen an ze weisen. D'Zeilespronkverfahre gëtt bei Fernseetransmissioune benotzt.
Aféierung
ännerenE beweegt Bild entsteet doduerch, datt op d'mannst 20 Biller séier hannereneen ugewise ginn. Jiddwer Liichtreiz verursaacht Nowierkungen op der Netzhaut vu bis zu e puer Millisekonnen. Do schwätzt ee vun der Späicherfunktioun vum A. Well awer bei 20 Biller pro Sekonn (B/s) e Flimmeren entsteet, schaffen europäesch Fernseesender mat 25 Vollbiller pro Sekonn. Dobäi entsteet awer e Groussflächeflimmeren.
Jiddwer Bild vun de 25 Vollbiller gëtt dofir an zwee Hallefbiller mat hallwer Zeilenzuel opgedeelt:
- Zeilennummere vum éischten Hallefbild: 1, 3, 5, 7...
- Zeilennummere vum zweeten Hallefbild: 2, 4, 6, 8...
D'Hallefbiller ginn duerno awer nees vum A zu engem Vollbild zesummengesat. De Virdeel besteet doran, datt duerch déi 50 Donkelphase bal kee Flimmere méi entsteet an d'Bandbreet vun der Iwwerdroung sech net vergréissert.
100Herz-Technik
ännerenBei der 100Herz-Technik gëtt d'Flimmere komplett ënnerdréckt. Jiddwer Hallefbild gëtt fir d'éischt digitaliséiert an an e séiere Späicher geschriwwen. Duerno gëtt déi gespäichert Informatioun nees an analoger Form a mat duebeler Vitess op de Bildschierm geschriwwen. Sou kritt een 100 Donkelphase pro Sekonn, wat 100 Hallefbiller pro Sekonn ausmécht.