Zeebruges (nl: Zeebrugge) ass en Hafen a Fëscherduerf dat administrativ zu der belscher Stad Bruges an der Provënz Westflandern gehéiert. Zeebruges gouf praktesch zur selwechter Zäit wéi den Hafe Bruges-Zeebruges gegrënnt. Fir dat ronn ze kréien, goufen 1901 nei Terrainen un d'Stad Bruges ugeschloss an den Hafe war 1907 fäerdeg.

Kierch vu Zeebruges

Den Hafe vu Zeebruges ass den Uschloss vu Bruges un d'Nordmier. De Schëffsverkéier ass zimmlech grouss, besonnesch wéinst de Ponten, déi vun do aus an England fueren. Et ass och en Terminal fir Naturgas, dee vum Mier hierkënnt. De Baudouin-Kanal verbënnt Zeebruges iwwer Bruges mat dem Banneschëfffaartsnetz vun der Belsch.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hafe Bruges-Zeebruges.

Um Spaweck änneren

Commons: Zeebrugge – Biller, Videoen oder Audiodateien