Den Yves Kemp, gebuer den 18. Juni 1961 zu Péiteng ass e lëtzebuergeschen diploméierte Physiker (Atomphysik). Hien ass bestuet, huet e Meedchen, a wunnt zu Péiteng.

Yves Kemp
Gebuer 18. Juni 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg

Zanter 1996 ass den Yves Kemp am Verwaltungsrot vun der lëtzebuergescher Tennisfederatioun.

Vun 2001 bis 2003 war en am COSL Member vun der Elitesport-Kommissioun.

Hie war vun 2003 bis 2012 President vun der F.L.T..

Vun 2004 un ass hie vereedegten Expert beim Geriicht.

Op T.TV huet hien d'Moderatioun vu Retro Lëtzebuerg (2005-2006) an der Sendung Momenter (2006-2007) gemaach.