De Yamata no Orochi ass en Draach oder och eng Schlaang aus der Shinto Mythologie. Der Iwwersetzung vum Karl Florenz no heescht säin Numm "Aachtgespléckte Schlaang".

De Susanoo schluecht de Yamata no Orochi, vum Kënschtler Toyohara Chikanobu

No senger Verbannung aus den Elyséeë klëmmt de Susanoo op Tori-kami erof an trëfft no enger Zäit um Floss Hi op eng al Koppel déi kräischt, mat hirem Kand an der Mëtt. De Mann erzielt dem Susanoo datt hien am Fong aacht Diechter hat. Mä eng aachtkäppeg Riseschlaang ass all Joer komm an huet eng vu sengen Diechter giess. An dee Moment wier elo erëm Zäit wou d'Schlaang zeréckkéim. De Papp versprécht dem Susanoo säi Meedche wann de Susanoo et vun der Schlaang rette géif.

Doropshin entwéckelt de Susanoo e Plang: d'Koppel soll aachtmol gebraute Sake man an en Zonk mat aacht Diere bauen. Bäi all Dier sollen aacht Gesteller zesummegebonne ginn. Op déi soll de Sake an engem Behälter dropgestallt ginn. Wéi d'Schlaang koum huet se mat all hire Käpp aus all Behälter gedronk an ass voll an en déiwe Schlof gefall. Doropshin huet de Susanoo all hir Käpp ofgeschloen a beim Mëttelsten ass den Hi-Floss rout ginn. Beim zerschneide vum mëttelste Schwanz krut säi Schwäert eng Téitsch. Wéi hien dee Schwanz opgeschnidden huet, huet hien d'Schwäert Kusanagi fonnt.

Um Spaweck änneren

Commons: Yamata no Orochi – Biller, Videoen oder Audiodateien