Wochenzeitung für Europäer

Wochenzeitung für Europäer war eng Zeitung, déi tëscht dem 20. Abrëll 1989 an dem 31. Januar 1991 an enger Oplo vun 8.000 Exemplairen am Lëtzebuerger Sankt-Paulusverlag erauskoum.[1]

D'Iddi vun der Zeitung goung op konservativ däitsch Zeitungsediteuren zeréck, déi um Enn vum Kale Krich eng "neutral" däitschssproocheg Wochenzeitung iwwer international Theme publizéiere wollten, déi och hanner dem Eisene Rideau verkaaft kéint ginn. Well se awer net deen erhoffte Succès hat, gouf se no knapps zwee Joer nees agestallt.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004, S.236-237.