Wisława Szymborska

polnesch Lyrikerin an Essayistin


D'Wisława Szymborska, Maria Wisława Anna Szymborska, gebuer den 2. Juli 1923 zu Bnin, haut e Quartier vu Kórnik, bei Poznań, a gestuerwen den 1. Februar 2012 zu Krakau, war eng polnesch Lyrikerin an Essayistin. 1996 krut si de Literaturnobelpräis.

Wisława Szymborska
Gebuertsnumm Maria Wisława Anna Szymborska
Gebuer 2. Juli 1923
Gestuerwen 1. Februar 2012
Krakau
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Polen
Educatioun Jagiellonen-Universitéit
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Iwwersetzer, Essayist, Mecanicien, Literaturkritiker, Kritiker
Partei Polska Zjednoczona Partia Robotnicza
Member vun Polska Akademia Umiejętności, American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Bestuet mat Adam Włodek
Liewenspartner(in) Kornel Filipowicz
Papp Wincenty Szymborski
Mamm Anna Szymborska

Bis 1966 war d'Szymborska Member vun der Polnescher Vereenegter Aarbechterpartei. Méi spéit huet si sech vum Sozialismus distanzéiert. An den 1980er Joren huet si sech an der oppositioneller, deelweis verbuedener, Gewerkschaft Solidarność engagéiert an huet un der polnescher Samizdat-Publikatioun Arka an un der Exilzäitschrëft Kultura, déi zu Paräis erauskoum, matgeschafft.

Vun 1953 bis 1981 war si Mataarbechterin vun der Krakauer Literaturzeitschrift Życie Literackie, an där d'Serie vun hiren Essaye Lektury nadobowiązkowe (Fakultativ Lecture) erauskoum, déi duerno och e puermol a Buchform publizéiert gouf.

Wierk änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Präisser an Auszeechnungen änneren

1991 krut d'Szymborska de Goethe-Präis, 1995 den Herder-Präis. Am Mee 1995 huet d'Universitéit vu Poznań si mat engem Éieredoktorat ausgezeechent. 1996 krut d'Wislawa Szymborska de Präis vum polnesche PEN Club an den Nobelpräis fir Literatur. 2001 gouf si Éieremember vun der American Academy of Arts and Letters. Am Joer 2011 gouf si mam héchste polnesche Staatspräis ausgezeechent - dem Uerde vum Wäissen Adler.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Wisława Szymborska – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Найскромніша Нобелівська лауреатка: яким було життя Віслави Шимбовської. krakowchanka.eu, 2022-10-28.