Wirtschaftssabotage zu Lëtzebuerg (Zweete Weltkrich)

Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Wirtschaftssabotage hat zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich e spezifesch lëtzebuergesche Charakter. Hien huet dora bestanen, dat ëmmer aner Ursaache fonnt gi sinn, fir d'Uerdere vum däitschen Okkupant net auszeféieren. D'Krankmeldunge waren heefeg, *net manner heefeg, schreift de Paul Weber, "wéi déi vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten, wa s'an hirem Congé vun der Front op Lëtzebuerg heemkomm sinn". All Ursaache ware gutt, fir net fir déi Däitsch produzéieren ze mussen.

Produktiounsausfall an de Betriber änneren

Hei puer Beispiller:

  • D'Integratioun vun de Schmelzen an déi däitsch Wirtschaftsstrukturen, déi dekretéiert gouf, ass aus allméiglechen Ursaachen net vum Fleck komm. Iwwer d'Arbed goufen déi däitsch Stelle sech net eens, a wéi en däitsche Grupp se integréiert sollte ginn an dat ass och vun de Lëtzebuerger geschéckt ausgenotzt ginn, fir lues ze trëppelen.
  • Well de Kock gefeelt huet, gouf zu Lëtzebuerg mat Virléift eiseschwaach Minett ofgebaut a verhitt, wouduerch de Kuelenkpass nach méi grouss gouf.
  • Dat an aner Ursaachen hunn dozou geféiert, datt wärend der däitscher Besatzung d'Stolproduktioun nëmme 40 % vum hirem Friddensrekord erreecht huet.
  • Een typescht Beispill war d'Ëmstellung vun de Mëttelbetriber op d'Rëschtungsproduktioun, besonnesch d'Beispill vun der Händschefabréck Reinhard, déi Gasmaske produzéiere sollt. Amplaz vun den 20.000 Gasmasken, déi do produzéiert sollte ginn, waren der um Enn vum Krich nëmme 500 fäerdeg an dobäi ware se zu engem groussen Deel nach onbrauchbar.

Literatur zum Theema änneren

  • Paul Weber, Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, 1948, 159 S.

Kuckt och änneren

  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.