De Willy (Guillaume) Heldenstein, gebuer de 4. September 1896 an der Stad Lëtzebuerg[1] an do gestuerwen de 4. September 1990, war e lëtzebuergesche Bobfuerer an Olympionik.[2]

Willy Heldenstein
Gebuer 4. September 1896
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. September 1990
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sportler
Famill
Geschwëster Frantz Heldenstein

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Wanterspiller 1928 zu Sankt-Moritz vertrueden.[3]

Hie war de Brudder vum Frantz Heldenstein. Seng Eltere waren den Henri (Alphonse Victor) Heldenstein (*23.12.1856) an d'Helene Settegast, déi sech de 15. Juli 1889 an der Stad bestuet haten. Säi Grousspapp war den Apdikter a Moler François (Franz) Heldenstein.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, S. 691.
  2. De Willy Heldenstein op der Websäit vu sports-reference.com
  3. De Willy Heldenstein op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'