William Ward (Paschtouer)

Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
William Ward
William Webster
ëm 156026. Juli 1641[1]
Detailer
Beatifikatioun 15. Dezember 1929[2]
Kanonisatioun
Ënner dem Poopst Pius XI.
Gedenkdag 12. Abrëll

De William Ward, gebuer ëm 1560 bei Thornby (Westmoreland) als William Webster, ass als Protestant opgewuess a spéider Schoulmeeschter ginn. Hien ass mat engem kathoulesche Frënd a Spuenie gereest wou hie sech zum Katholizismus bekéiere gelooss huet. En ass e puermol an de Prisong komm well hie säi Glawe gepriedegt huet.

Fir Priister ze ginn ass hie mat iwwer 40 Joer op Douay an der Belsch gaangen, wou en den 18. September 1604 ukomm ass. De 16. Dezember 1605 huet de William seng nidder Wei kritt, d'Wei zum Subdiakon de 26. Oktober 1607, zum Diakon den 31. Mee 1608 a seng Priisterwei den Dag drop. Vun do un huet hien och den Numm William Ward ugeholl.

De 14. Oktober 1608 huet e sech op de Wee fir zeréck an England gemaach, ass awer mam Schëff ofgedriwwe ginn an un der schottescher Küst gelant, wou e verhaft gouf a fir 3 Joer an de Prisong koum. No senger Fräiloossung ass en dunn endlech op London gaange wou en 30 Joer geschafft huet, 20 dovun a Prisongen als Confesseur. Heemlech huet hien och der kathoulescher Populatioun an den Aarmen am Allgemenge gehollef.

D'Parlament zu London huet de 7. Abrëll 1641 eng Proklamatioun erausginn déi all Priister ënner Doudesstrof verbannt huet. De William huet awer refuséiert ze goen an ass dofir de 15. Juli am Haus vu sengem Neveu verhaft ginn. Sechs Deeg méi spéit ass e viru Geriicht um Old Bailey komm, wou en och den 23. Juli verurteelt gouf an an den Newgate Prisong koum.

Referenzen änneren

  1. Catholic Encyclopedia (1913)/Ven. William Ward
  2. blessed-william-ward