William Ramsay (Cheemiker)

schottesche Cheemiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Cheemiker William Ramsay. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. William Ramsay.


De Sir William Ramsay, gebuer den 2. Oktober 1852 zu Glasgow a gestuerwen den 23. Juli 1916 zu High Wycombe (Buckinghamshire) war e schottesche Cheemiker.

William Ramsay
Gebuer 2. Oktober 1852
Glasgow
Gestuerwen 23. Juli 1916
High Wycombe
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen,
Universtéit vu Glasgow,
Eberhard Karls Universitéit Tübingen
Aktivitéit Chimist, Professer, Historiker, Archeolog
Member vun Royal Society, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Royal Society of Edinburgh, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino

De William Ramsay war Professer fir Chimie zu Bristol an zu London huet 1894 zesumme mam Lord John Rayleigh den Eedelgas Argon an 1898 mam Morris Travers d'Eedelgasen Krypton, Neon an Xenon entdeckt. Hien huet ausserdeem erausfonnt, datt beim Zerfall vu Radium den Eedelgas Helium entsteet, deen hien als éischten isoléiere konnt.

Hien huet d'Atomgewiicht vum Radon bestëmmt an huet d'Plaz vun den Eedelgasen am Periodesystem vun den Elementer bestëmmt. Hie krut dofir 1904 den Nobelpräis fir Chimie.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: William Ramsay – Biller, Videoen oder Audiodateien