De William Murray, gebuer den 8. Abrëll 1926 zu New York a gestuerwen den 9. Mäerz 2005, war en US-amerikanesche Journalist a Schrëftsteller.

William Murray
Gebuer 8. Abrëll 1926
New York
Gestuerwen 9. Mäerz 2005
New York
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Romancier, Journalist, Iwwersetzer

Säi Liewen änneren

De Murray war dat eenzegt Kand vum Wiliam Murray, de Chef vun der New Yorker Branche vun enger Kënschtler-Agence, an der Natalia Danesi-Murray, enger italieenescher Sängerin, Schauspillerin, déi spéider Liewenspartnerin vun der Janet Flanner, enger New Yorker Schrëftstellerin.

Fir d'éischt wollt de Murray Operesänger ginn. Wéi doraus näischt gouf, huet hien ugefaange mat Schreiwen an e gouf Mataarbechter beim New Yorker fir méi wéi 30 Joer, wou hien ënner Anerem Kolumnist war fir d'Letter from Italy. Hien huet och en ettlech Bicher iwwer Italie geschriwwen, wéi The Last Italian: Portrait of a People, dat 1991 bei Prentice Hall erauskoum. No engem Hoer op der Harvart-Universitéit, ass de Murray vun 1947 bis 1952 an Italie gaangen, fir Musek ze studéieren. 1952 huet hie sech mat der Doris Rogers bestuet, mat där en dräi Kanner hat. No der Scheedung 1972 huet e sech mat der Alice Bigbee bestuet.

Dem Murray säin anert Interessi waren d'Päerdscourssen op der Del Mar-Pist a Kalifornien. No an no huet hien ugefaange Mystery-Romanen ze schreiwen. De Protagonist war en Zauberkënschtler, de Shifty Lou Anderson a säi Bekannten, de Spiller Jay Fox.

De William Murray, dee fir d'lescht zu San Diego gelieft huet, ass den 9. Mäerz 2005 un engem Häerzschlag gestuerwen.

Literatur zum Theema änneren

Autobiographesches änneren

  • Janet, My Mother, and Me: A Memoir of Growing Up With Janet Flanner and Natalia Danesi Murray, Simon & Schuster, 2000. Eng Beschreiwung vu senger Jugend, no der Scheedung vu senger Mamm 1936, am Fraestot mat der Janet Flanner.

Mystery-Romaner mam Shifty Lou Anderson änneren

  • Tip on a Desd Crab, Viking Press, 1985.
  • When the Fat Man sings, Bantam Press, 1987.
  • The King of the Nightcap, Bantam Press, 1989.
  • I'm Getting Killed Right Here, Doubleday, 1991.

Non-Fiction iwwer Päerdscourssen änneren

  • Horse Fewer, Dodd-Mead, 1976.
  • The Wrong Horse: An Odyssey through the American Racing Scene, Simon & Schuster, 1992.