William Henry Smyth
De William Henry Smyth, gebuer den 21. Januar 1788 zu Westminster, London, a gestuerwen den 9. September 1865, war Admirol vun der Royal Navy an e britteschen Astronom.
William Henry Smyth | |
---|---|
Gebuer |
21. Januar 1788 Westminster |
Gestuerwen | 9. September 1865 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien |
Aktivitéit | Astronom, Archeolog, Marinnoffizéier |
Member vun | Royal Society, American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Kanner | Henrietta Grace Smyth, Warington Wilkinson Smyth, Charles Piazzi Smyth, Georgiana Rosetta Smyth |
Hie war den eenzege Jong vum Joseph Smyth, engem Amerikaner, an der Georgina Caroline Pitt Pilkington, dem Kandskand vum iresche Schrëftsteller Matthew Pilkington an der Laetitia Pilkington. Am Laf vum Amerikanesche Revolutiounskrich koum de Joseph an England, wou de William op d'Welt koum.
De William war de Papp vum Charles Piazzi Smyth, Sir Warington Wilkinson Smyth a Generol Sir Henry Augustus Smyth. Vu senge Meedercher bestit d'Henrietta Grace Smyth de Mathematikprofesser Baden Powell a war d'Mamm vum Robert Baden-Powell, wärend d'Georgiana Rosetta Smyth de Sir William Henry Flower bestuet huet.
De Smyth goung an d'Royal Navy a wärend den napoleonesche Kricher déngt hien um Mëttelmier an erreecht de Rang vun engem Admirol. 1815 bestit hien d'Eliza Anne Warington, genannt "Annarella", eenzeg Duechter vum Thomas Warington, brittesche Vizekonsul zu Neapel. Si gouf seng Begleederin an Assistentin bei all senge spéidere wëssenschaftlechen Aarbechten. Wärend engem Optrag fir d'Bestëmmung vu schëffbare Waasserstroossen hat hien am Joer 1817 den italieeneschen Astronom Giuseppe Piazzi zu Palermo getraff an uschléissend deem säin Observatoire besicht. Dëse Besuch huet an him den Interessi un der Astronomie erwächt an am Joer 1825 huet hie säin Abschied vun der Marinn geholl.
Uschléissend huet hien en Observatoire zu Bedford, England gegrënnt. Den Observatoire war mat engem Teleskop mat enger Ëffnungswäit vu 15 cm ausgerëscht. Domat huet hien iwwer zwee Joerzéngte vill Deep Sky Objeten an den 1830er Joren observéiert. Seng Observatiounen huet hien 1844 ënner dem Numm Cycle of Celestial Objects publizéiert. Dat hat him 1845 d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society abruecht an zougläich hir Presidenteplaz.
Den éischte Band vu senger Aarbecht war generell iwwer Astronomie, säin zweete Band gouf bekannt als Bedford Catalogue, dora stoungen 1604 Observatioune vun Duebelstären an Niwwelen. De Katalog déngt als Standardwierk fir déi follgend Joer. Keng Observatioun virun him hat ee sou ausféierleche Katalog vu schwaachen Objeten opgestallt.
1826 gouf hien zum Fellow vun der Royal Society gewielt a war hire Vize-President vun 1836–1837, 1846–1847 a vun 1856–1857.
Nodeem hie seng Observatiounen ofgeschloss hat, goung de Smyth 1839 zu Cardiff an d'Pensioun. Säin Observatoire gouf ofgerappt a säin Teleskop gouf un den John Lee verkaf an an engem neien Observatoire beim Hartwell House ënnerbruecht. De Smyth hat awer ëmmer nach d'Geleeëenheet den Teleskop ze benotzen, well säin Haus net wäit vun der neier Standplaz vum Teleskop ewech war. Dat huet hien och nach an de Joren 1839 bis 1859 ausgenotzt fir weider astronomesch Observatiounen ze maachen. Den Teleskop steet haut am Science Museum zu London.
De Smyth krut Ufank September 1865 en Häerzinfarkt. No kuerzer Erhuelung hat hien dann den 8. September sengem Enkelkand, dem Arthur Smyth Flower, de Planéit Jupiter duerch en Teleskop gewisen. Mueres, den 9. September ass de Smyth am Alter vun 78 Joer gestuerwen. Hie gouf um Kierfecht vu Stone am Buckinghamshire no bei Aylesbury begruewen.
Um Äerdmound gouf d'Moundmier Mare Smythii no him genannt.
Wierker
änneren- Memoir descriptive of the resources, inhabitants, and hydrography, of Sicily and its islands: interspersed with antiquarian and other notices. Verlag: John Murray, London 1824
- Sketch of the Present State of the Island of Sardinia. Verlag John Murray, London 1828
- The Life and Services of Captain Philip Beaver. Verlag: John Murray, London 1829
- Descriptive Catalogue of a Cabinet of Roman Imperial Large-brass Medals. Verlag: James Webb, Bedford 1834
- A cycle of celestial objects: for the use of naval, military, and private astronomers. Volume First. Prolegomena. Verlag: J.W. Parker, London 1844
- A cycle of celestial objects: for the use of naval, military, and private astronomers. Volume the second. The Bedford Catalogue. Verlag: J. W. Parker, London 1844
- Ædes Hartwellianæ: Or, Notices of the Manor and Mansion of Hartwell. Printed for private circulation, by J.B. Nichols and Son, London 1851
- Addenda to the Aedes Hartwellianae. Printed for private circulation, by J.B. Nichols and Son, London 1864
- The Mediterranean: a memoir physical, historical, and nautical. Verlag: John W. Parker and Son, London 1854
- Carl Boettger: Das Mittelmeer. Eine Darstellung seiner physischen Geographie, nebst andern geographischen, historischen und nautischen Untersuchungen, mit Benutzung von Rear-Admiral Smyth's Mediterranean. Verlag: Gustav Mayer, Leipzig 1859
- Girolamo Benzoni: History of the New World. Übersetzt aus dem Italienischen von Rear Admiral W. H. Smyth. Printed for Hakluyt Society 1857
- Francois Arago: Biographies of Distinguished Scientific Men. 1st Serie. Übersetzer: Admiral W. H. Smyth, The Rev. Baden Powell and Robert Grant. Verlag: Ticknor and Fields, Boston 1859. Riverside, Cambridge: Printed by H.O. Houghton and Company.
- Francois Arago: Biographies of Distinguished Scientific Men. 2nd Serie. Übersetzer: Admiral W. H. Smyth, The Rev. Baden Powell, Robert Grant and Sir William Fairbairn. Verlag: Ticknor and Fields, Boston 1859
- by the late Admiral William Henry Smyth: The sailor's word-book: an alphabetical digest of nautical terms, including some more especially military and scientific ... as well as archaisms of early voyagers, etc. Revised for the press by Vice-Admiral Sir Edward Belcher. Verlag Blackie and Son, London 1867
- William Henry Smyth: A Cycle Of Celestial Objects. Verlag: The Clarendon Press, Oxford. 2nd edition 1881
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: William Henry Smyth – Biller, Videoen oder Audiodateien |