William Golding

brittesche Schrëftsteller


De Sir William Gerald Golding, gebuer den 19. September 1911 zu St. Columb Minor, a Cornwall, a gestuerwen den 19. Juni 1993 zu Perranarworthal, och a Cornwall, war e brittesche Schrëftsteller.

William Golding
Gebuer 19. September 1911
Gestuerwen 19. Juni 1993
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun University of Oxford
Aktivitéit Schrëftsteller, Dichter, Romancier, Dréibuchauteur, Science-Fiction-Schrëftsteller

Hie krut 1983 den Nobelpräis fir Literatur.

De Golding war vun 1939 bis 1969, wou e genuch vu senge Bicher verdéngt huet, fir dervun ze liewen, Enseignant fir Englesch. Am Zweete Weltkrich war hien Offizéier bei der Marinn.

Säi bekanntst Buch ass Lord of the Flies, dat 1954 erauskoum an e Bestseller an den USA an a Groussbritannien gouf. Et erzielt, wéi eng Grupp Kanner op eng Insel sech selwer iwwerlooss sinn, a sech gesellschaftlech organiséieren.

Wierker änneren

  • 1934 Poems (Gedichter)
  • 1954 Lord of the Flies (Roman)
  • 1955 The Inheritors (Roman)
  • 1956 Pincher Martin (Roman)
  • 1958 The Brass Butterfly (Theaterstéck)
  • 1959 Free Fall (Roman)
  • 1964 The Spire (Roman)
  • 1965 The Hot Gates (Essays)
  • 1967 The Pyramid (Roman)
  • 1971 The Scorpion God (dräi Novellen)
  • 1979 Darkness Visible (Roman)
  • 1982 A Moving Target (Essays)
  • 1984 The Paper Men (Roman)
  • 1985 An Egyptian Journal (Reesreportage)
  • 1980 Rites of Passage
  • 1987 Close Quarters
  • 1989 Fire down Below
  • 1996 The Double Tongue (Roman)

Literatur änneren

  • John Carey: William Golding: the man who wrote "Lord of the flies"; a life, London: Faber and Faber, 2009, ISBN 978-0-571-23163-8
  • Judy Golding: The children of lovers: a memoir of William Golding by his daughter, London: Faber and Faber, 2011, ISBN 978-0-571-27340-9

Um Spaweck änneren

Commons: William Golding – Biller, Videoen oder Audiodateien