Wilhelm Michel
däitsche Schrëftsteller
De Wilhelm Michel, gebuer den 9. August 1877 zu Metz, a gestuerwen de 16. Abrëll 1942 zu Darmstadt, war en däitsche Schrëftsteller.
Wilhelm Michel | |
---|---|
Gebuer |
9. August 1877 Metz |
Gestuerwen |
16. Abrëll 1942 Darmstadt |
Nationalitéit | Däitscht Räich |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Hien ass zu Frankenstein an der Pfalz opgewuess an huet Philologie an Droit zu Würzburg a München studéiert. 1901 huet e sech als fräie Schrëftsteller zu München néiergelooss.
1925 krut en de Büchner-Präis iwwerreecht.
Säin ëmfangräicht Schaffen ass der Nowelt awer praktesch net an Erënnerung bliwwen.
Seng Wierker (Auswiel)
änneren- Apollon und Dionysos. Dualistische Streifzüge, 1904
- Rainer Maria Rilke, 1905
- Der Zuschauer. Gedichte, 1907
- Friedrich Hölderlin, 1912
- Der Mensch versagt, 1920
- Hölderlins abendländische Wendung, 1923
- Hölderlin und der deutsche Geist, 1924
- Das Leiden am Ich, 1930
- Das Leben Friedrich Hölderlins, 1940