Wikipedia Diskussioun:Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass

Dat wäert jo awer hoffentlech keng Sammlung vun anonyme Sätz ginn. Lo feelen nach e puer Vandalen a mer fannen eis net méi erëm. --Cornischong 09:57, 11 November 2006 (UTC)


Och eng Grammaire kann sech iren ! - Den Asteroid gëtt och nach Planetoid genannt. Do hu mer den oi nees eng Kéier ! --SITCK 09:42, 11 November 2006 (UTC)

Léiwe SITCK. Léiers du dann ni bäi? Dee Moment, an deem anerer deng Feeler verbesseren, fiers du einfach weider:"kann sech iren". Méchs du dat express oder verstees de d'Eifeler Regel net? Sché Gréiss vun Sëll ( :-)) ) --Dat Krappegt vu Sëll 12:40, 11 November 2006 (UTC)

Wees / Weess änneren

Weesekand, Weesenhaus, Weeserent: Dat schéngt mer kloer. Beim Weess kënnt mer just dem DLW säi "Weess"E"miel" zimmlech exotesch vier. Ech géif op alle Fall "Weessmiel" gebrauchen. War et dat? --Cornischong 21:27, 15 November 2006 (UTC)

Zréck op d'Projetssäit "Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass".