Wikipedia Diskussioun:Sonnerzeechen

Letzter Kommentar: viru(n) 15 Joer von Les Meloures

"Bei Benotzung an der Bedeitung „bis“ steet de Gedankestrick ouni Ofstand (Streckestrich): Berlin–Mainz, 10–11h. Bei Benotzung an der Bedeitung „géint“ steet de Gedankestrich mat Tëscheraum: Union Berlin – Mainz 05."

Wat mecht een da fir Saache wéi "Saint-Paul-Trois-Châteaux-Roche-Saint-Secret-Béconne" (mat der Bedeitung "Saint-Paul-Trois-Châteaux bis Roche-Saint-Secret-Béconne") ze vermeiden? Wann ee keen Tëscheraum benotzt, misst ee menger Meenung awer zwou Zorten vu "Stécher" benotzen. Oder gouf dat schon iergendwou festgeluecht?--Fliedermaus 14:20, 23. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren

An der fr-Wiki steet zum Beispill am Artikel vum Tour de France 2009]: "Bourg-Saint-Maurice – Le Grand-Bornand" an net "Bourg-Saint-Maurice–Le Grand-Bornand"--Fliedermaus 14:34, 23. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren


Salut,

Du hues Recht dat ass e klenge Problem. D'Fransouse schéngen do jo dann an dem Fall wou zevill där Strécher sinn d'Léisung fonnt ze hunn. Wann et net méi liesbar bleift misste mer dat selwecht maachen, an dann e laangen Trennstréch asetzen.

De laangen Trennstréch mécht fir vill Leit e Problem well en net direkt um Klavier ze fannen ass.

Les Meloures 15:05, 23. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Projetssäit "Sonnerzeechen".