Wikipedia Diskussioun:Artikelen, déi et op dëser Wikipedia sollt ginn

Letzter Kommentar: viru(n) 13 Joer von Jwh

Moien,

Mer hunn an der Lëscht d'Lebensborn-Lager vu Boufferdeng stoen. Dovun ofgesinn datt dat kee Lager war, ass wéineg iwwer déi Heemer am Detail erauszefannen. Wier et net méi intressant e globalen Artikel Lebensborn ze maachen.

Les Meloures 17:48, 26. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

den Dr Kugener huet een interessanten Artikel iwwert de Lebensborn Moselland (mat Literatur) zu Bouferdeng, am Noppeney sengem Schlass, wou ech awer net weess wat fir eent vun deenen zwee dem Noppeney säint war. Vläit huet den Dr och nach aner Ënnerlagen... Sécher et muss och een Haaptartikel Lebensborn hier, deen awer méi komplex wäert sinn - den üblechen Duerchenaner bei den Nazien, wou zeg "Stellen" fir alles an trotzdem fir eppes aneres zoustänneg waren. --Jwh 23:59, 17. Nov. 2010 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Projetssäit "Artikelen, déi et op dëser Wikipedia sollt ginn".