Wikipedia:Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch/ArchivFR

Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch ? - Dat freet een sech oft. Hei d'Archiv vun de franséischen Ausdréck déi schon nogefrot goufen. Nei Begrëffer kënnen hei nogefrot ginn.


Index A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z

Désacidification änneren

  • désacidification

--Tomateus 07:37, 13 August 2006 (UTC)

Ouni Fachmann ze sinn, mengen ech, dass De mat "Entsaierung" ganz gutt misst kënne fueren. --Zinneke 07:57, 14 August 2006 (UTC)

Dot änneren

Wéi nennt een dann eng Dot (op däitsch "Mitgift") op lëtzebuergesch ? Also dat, wat de Mann vun der Famill vun der Fra kritt, wann e si bestued ? Ech hunn am Danton-Artikel emol "Matgëft" geschriwwen, fir net e ganzen Artikel wéinst engem Wuert falen ze loossen, wat an dësem Kontext awer wichteg ass, well duerch déi Suë konnt hien sech eng wichteg Charge um Haff kafen... Mee ech si mer net sécher wéi "lëtzebuergesch" dat ass :) --βρισεισDisk 12:05, 8 Februar 2007 (UTC)

Gudde Moien:
Op lëtzebuergesch ass dat eng Aussteier Les Meloures 12:20, 8 Februar 2007 (UTC)
An am DFL steet niewent der Aussteier och nach Dott. --Pecalux 16:49, 8 Februar 2007 (UTC)
Wéi berouegend ass et datt de Josy Braun och "Dot" an "Dotten" a sengem Bichelche stoen huet (13. Oplo S.51).


Floculation änneren

Wéi heesche follgend Wierder am Kader vun der Waasseropbereedung op Lëtzebuergesch?

  • floculation

--Tomateus 07:37, 13 August 2006 (UTC)

Ouni Fachmann ze sinn, mengen ech, dass De mat "Flockung" ganz gutt misst kënne fueren. --Zinneke 07:57, 14 August 2006 (UTC)

Joresofschloss a Kollegen änneren

Bei mengem leschten Artikel hunn ech alt e puermol misse keimen an ech zécken, dat wat ech am éischten Äifer eng gutt Iwwersetzung fonnt hunn, esou bäizebehalen, mee et fält mer soss net vill a fir Comptes annuels (Joresofschloss) a Compte de profits et pertes (Gewënn- a Verloschtkonten). A bei engem Ausbau vum Artikel hänken ech direkt un engem ganze Quascht: Commissaire aux comptes, Réviseur d'entreprises, Liquidateur (Liquidator), Parts sociales (Geschäftsundeeler), Assemblée générale extraordinaire (Aussergewéinlech Generalversammlung) a Capital social (Stammkapital). Kéint een dat esou stoeloossen oder awer léiwer net? --Otets ♣ 21:01, 21 Mee 2007 (UTC)

Moien, et ass Fachvokabular, deemno giff ech dat esou nennen, wéi déi, déi dermat hantéieren, och soen, d.h. meeschtens ass dat de franséischen Ausdrock. Dat soll net dervun ofhalen, dës fir Net-Initiéiert dacks esoteresch Begrëffer an "normaler" Sprooch z'erklären, resp. ze paraphraséieren.
--Zinneke 21:10, 21 Mee 2007 (UTC)
De Problem ass eben, datt je no Background vun deem deen dermat hantéiert alles eng franséisch, däitsch oder souguer englesch Touche kritt. Ech hu versicht do ze tranchéieren a mech éischter op déi germanophone Säit geschloe fir datt et net ausgesäit wéi wann een einfach ze faul gewiescht wier fir nom richtegen Terme ze sichen, mee z.B. mat Haaptversammlung aplaz Generalversammlung mengen ech grad an de Contraire ofgerutscht ze sinn, dofir hunn ech dat emol nees ritgebéit. Ech wëll just sécherstellen datt et och fir de Rescht net zevill "Preisesch" klengt, besonnesch wann d'Ëmgangssprooch aus dem Veräinsliewen fäerdeg Begrëffer hätt (wat ech awer elo leider net onbedingt weess). --Otets ♣ 21:38, 21 Mee 2007 (UTC)

Nourrice änneren

Haut emol beim Franséischen. Wat ass dann eng Nourrice (dt: Amme) op lëtzebuergesch? Myriam 22:21, 2 Mäerz 2006 (UTC)

"Nourrice" et gi Saachen do hu mer näischt. Wann awer nach een eppes aus dem Zylinder zitt, dann huele mar dat:-) --Cornischong 22:32, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Do gëtt et nach déi däitsch "Amme", doraus kann ee villäicht eng "Amm" maachen, mee wat mech wonnert: do muss et dach an der Zäit e Wuert op lëtzebuergesch gi sinn, mee dat fannen ech net. Myriam 23:15, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Dem Rinnen/Reuland hirem Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch no wier et d'Hiewan(n) Kaffi 08:59, 3 Mäerz 2006 (UTC)

Eng Nourrice ass eng Fra, déi e friemd Kand geniert huet, wann d'Mamm keng Mëllech hat, oder bei der Gebuert gestuerwe war oder duerch soss eppes hiert Kand net konnt selwer nieren. (am Engleschen "wet nursing". Eng Hiewan (HEBamme) huet eng zimmlech aner Funktioun. De Rinnen/Reuland ass net eleng an der Schreifweis eegewëlleg. --Cornischong 10:31, 3 Mäerz 2006 (UTC)

Bon, dat mat der Schreifweis am Rinnen/Reuland ass jo effektiv dacks e bessen onsystematesch. Wat d'Amme ugeet, mengen ech dat d'Hiewan mol awer nach guer net esou verkéiert ass. Ech sinn zwar kee Linguist, mee d'Nourrice ass op franséisch eben net nëmmen déi di niert, mee och:

Nourrice: (spécialisation (de sens, d'emploi)) Nourrice à gages, autre que la mère. Confier un enfant à une nourrice, à la campagne. Enfants qui ont la même nourrice (cf. Frères, sœurs de lait). – Mettre un enfant en nourrice, le donner à une nourrice hors de chez soi.

Dat seet op mannst de klenge Robbi. Hautsedags gëtt och nach dacks ganz einfach babysitter domat gemengt (seet de google). Hei nach en däitsche Link zur Etymologie Amme. Ob dat weiderhëlleft? Et wier net schlecht eppes iwwert de Kontext gewuer ze ginn. Kaffi 11:33, 3 Mäerz 2006 (UTC)

Also eng Hiewann ass eng "Sage-femme". A well der jo wësst datt ech un de Griichen triwwelen, wier de Babysitter vläicht e bëssen onpassend, zemols well dee jo eigentlech "nëmmen" op Kanner oppasst. An d'Amme, wéi de Cornischong scho gesot huet, do ass fir dem Kand d'Broscht ze ginn (op d'Mannst fréier). Myriam 11:46, 3 Mäerz 2006 (UTC)

Patrimoine naturel änneren

  • Wat heescht dann "patrimoine naturel": Ierfgutt? Myriam 13:02, 7 Februar 2006 (UTC)
    • Mer hunn "Weltnaturierfschaft" bei der Weltierfschaft, als Iwwersetzung vu patrimoine mondial naturel. Deemno einfach d'Welt ewechloossen! --Zinneke 13:59, 7 Februar 2006 (UTC)
    • Hm. Ouni elo en Exposé iwwer de kulturgeschichtlechen Hiergang vum franséische Patrimoine halen ze wëlle, hätt ech virgeschloen dat ganzt je no Kontext mam Wierdche Patrimoine z'ëmschreiwen. De Patrimoine ass manner graff wéi d'Ierfschaft an en plus och anescht konnotéiert (Vergläich och emol dat däitsch Heimat an d'lëtz. Heemecht mat der franséischer patrie, engem Wuert wat et am Däitsche net esou gett). Ee vun de Virdeeler vum lëtzebuergeschen ass et jo, datt mer u sech ouni gréisser Problemer dat Wuert an eis Nopeschlänner "léine" kenne goen wat am beschte passt. Sou kenne mer och vum "Patrimoine vun eiser Heemecht"" schwätzen. Esou Subtilitéite sollen eis di Däitsch an d'Fransousen emol nomaachen, oder geet dat ieren zevill a Richtung Chambersdialekt ;-) Just eng Iwwerleeung eben, d'Weltierfschaft ass natierlech och déck an der Rei! Kaffi 14:30, 7 Februar 2006 (UTC)
    • Ganz d'accord mam Kaffi, dass ee "Patrimoine" och gebrauche kann. Ech hat just geduecht, well mer deen Terme schon enzwousch am Gebrauch hunn... - Z.

Pays-Bas espagnols änneren

  • Wei solle mer dann d'Pays-Bas espagnols / Pays-Bas autrichiens nennen ? Ech hu mech bis elo ëmmer virun Theme gescheit wou déi dra waren. Néierlänner als Uleenung un d'Niederlande klengt iergendwéi blöd :D --Briséisβρισεισ 14:37, 24 Februar 2006 (UTC)

Ech hunn hei schonn emol "Spuenesch Nidderlande" an "éisträichesch Nidderlanden" gelies, mee ganz iwwerzeegt sinn ech dovun net. Géng "Spuenesch Holland" an "Éistraichesch Holland" net goen? --Otets ♣ 15:16, 24 Februar 2006 (UTC)

"Spuenesch Holland" wier - op d'manst zäitweileg - e Widdersproch u sech, well et jo d'nërdlech Provënzen (wourënner Holland) waren, déi sech am 16. Jh vun den habsburgeschen (siefen se spuenesch oder éisträichesch) fräigemeet haten. Ech giff soen, an historeschen Artikele musser mer "Nidderlanden" (mat watfir engem Attribut och ëmmer) aféieren, quitte, dass mer an aktuelle geografesche beim ëmgangssproochelchen "Holland" fir "Nederland" bleiwen.

--Zinneke 16:06, 24 Februar 2006 (UTC)

Sou wäit ech mech entsënne kann ass am Lëtzebuergeschen anescht wéi am Däitschen "Holland" keng einfach ëmgangssproochlech Bezeechnung fir "Nederland", mee déi offiziell Iwwersetzung (ech hunn den DLW elo leider net bäi Hand fir et nozeschloen). --Otets ♣ 16:14, 24 Februar 2006 (UTC)

Och wann et esou am DLW steet ass et net "offiziell" ... Et ass héchstens eng Zort Konvetioun, sou wéi och laang "Preisen", respektiv "am Presiseschen" fir "déisäit der Musel" gesot gouf, well dat dee bekanntsten Deel war an och emol sou housch. Wéi gesot, wa mer vun den heidegen europäesche Länner schwätzen gesinn ech kee Problem mat "Holland", do weess jiddereen, wat gemengt ass; wann et awer em historesch Begrëffer geet, déi uerchtert d'Geschicht prezis geo-politesch Realitéiten ausgedréckt hunn, dann zécken ech, Begrëffer nei ze definéieren... Z.