Wikipedia:Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch/ArchivEN

Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch ? - Dat freet een sech oft. Hei d'Archiv vun den engleschen Ausdréck déi schon nogefrot goufen. Nei Begrëffer kënnen hei nogefrot ginn.


Index A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z

Goal/Gol änneren

Ass et de Goalkeep(er) oder de Golkipp? Oder iere Goalkipp? DFL, DLW anyone? Ech gi mer net mat mer selwer eens a soen alt scho Merci fir deen deen nokucke kann! Kaffi 22:28, 14 August 2007 (UTC)

Salut,

No villem Gesichs a Gediskutéiers um Telefon fannen de Cornischong an de Les Meloures datt Golkipp déi beschte Léisung wier. D'Lëtzebuerger Schreifweis baséiert op der Aussprooch. Les Meloures 22:54, 14 August 2007 (UTC)

N'Owend,
Jo, Golkipp ass och menger Meenung no nëmme logesch, mee misst een dann net och konsequent sinn a Gol amplaz Goal schreiwen (an et ongeféier 2000 hei op der wiki ännere goen)? Abee, et ass fir mar. Merci jiddefalls! Kaffi 23:14, 14 August 2007 (UTC)

Jazz änneren

Wéi gëtt "Jazz" op lëtzebuergesch ausgeschwat: djaas (wéi am franséischen), djääs (wéi am engleschen) oder Jatz (wéi ech et schonn zënter 60 Joer zu Lëtzebuerg nennen). Et ass wichteg wéinst der Uwendung vun der Äifeler Reegel. --Pecalux 08:50, 30 September 2007 (UTC)

Wéi s de selwer sees, ginn et déi 3 Méiglegkeeten, an domat der 2, de mobilen N ze scheiwen - oder net. Soulaang et am Artikel duerchgängeg ass, gesinn ech kee Probleem. Well awer an der Chronologie vun "amerikaneschen Jazz-Museker" doruechter riets geet, hätt ech perséinlech eng liicht Preferenz fir déi englesch Aussprooch. Mee wéi gesot: Fuer emol duer, méi wichteg as et, emol en Artikel doriwwer ze hunn ;-) --Zinneke 09:05, 30 September 2007 (UTC)
Artikel. A wat dreems de nuets? --Cornischong 09:48, 30 September 2007 (UTC)
D'Fransousen hunn do wéineg auszeschwätzen, de Fall "Mosar" amplaz vu Mozart, ass bekannt. Et ass d'djääs. De Josy Braun geet ausdrécklech op dee Fall an, (op der Säit 30 an der 13. Oplo), nodeems een aus der Wiki hien dorops ugeschwat hat. Nach där Wierder: den Job, den Cent (do ass et en "t"). Den "Duden-Aussprachewörterbuch" vun 1962 (!) ass der selwechter Meenung, an dat fir en däitschsproochegt Wierderbuch. Wéi een et doheem am Gespréich mat sengem Dackel seet, geet mech natierlech näischt un :-) --Cornischong 09:09, 30 September 2007 (UTC)

stunt performer änneren

I need your help, it's very important.
Which variant is the best among the Luxembourger speakers : 1) Stuntman/Stuntwoman (with plural by the English rules), 2) Stuntmann/Stuntfra, 3) Cascadeur/Cascadeuse.
We used "Cascadeur" for Wikidata, and Stuntman/Stuntmen here. Now when I'm writing an article about female stunt, there seems to be a little problem. Thanks in advance.
See also Kategorie:Stuntmen ("unusual" non-Luxembourgish plural, if ever been approvable). --Wolverène (Diskussioun) 18:57, 17. Mee 2018 (UTC)[äntweren]