Wikipedia:Benotzernumm

(Virugeleet vu(n) Wikipedia:Usernumm)

F. Firwat soll ech e Benotzernumm eraussichen?

Ä. Et ass net obligatoresch, mä et erméiglecht Iech, Är Preferenzen anzestellen a Wikipedia sou anzestellen, wéi et Iech am Beschte gefält. Ären Numm steet dee Moment och bei de rezenten Ännerungen bei all Ännerung, déi Dir maacht, amplaz vun enger anonymmer IP-Adress. Ausserdeem erméiglecht et Iech, Iech vun engem anere Computer op Wikipedia anzeloggen an trotzdeem an Ärer Wikipedia ze sinn.

F. Wéi kommen ech dann zu sou engem Numm?

Ä. Klickt op de Link "Aloggen" uewe riets a fëllt déi zwee obligatoresch Felder aus (Numm a Passwuert) a schonn ass Äre Benotzerkont opgemaach.

F. Ass et méiglech, datt méi wéi eng Persoun dee selwechten Numm huet?

Ä. Dat ass net méiglech. All Benotzernumm ass unique.

F. Gëtt et speziell Reegelen, wat fir een Numm ee wielen däerf?

Ä. Am Prinzip hutt Dir de fräie Choix. Wann den Numm allerdéngs eng Beleidegung fir d'Communautéit ass, gitt Dir sécherlech gefrot fir dat ze änneren. Dir kënnt och Äre richtegen Numm benotzen.

F. Kann ech e Spëtznumm benotzen?

Ä. Jo. Kuckt dat an Äre Preferenze no. Huelt awer eventuell net dee selwechte Spëtznumm wéi een anere Benotzer. Dat féiert zu onnéidege Verwiesslungen.

F. Wéi kann ech meng Kontributioune signéieren?

Ä. Ären Numm gëtt am Historique vun all Artikel gespäichert. Mir signéieren d'Artikelen net, well mir als Kollektiv schaffen.

F. Ech géif gäre mäi Benotzernumm änneren. Kann ech trotzdeem mäi Kont behalen?

Ä. Dat ass méiglech. Frot um Staminee.

F. Ech géif gären d'Attributioun vun enger Ännerung änneren. Wéi maachen ech dat?

Ä. Liest heizou w:en:Wikipedia:Changing attribution for an edit.