Hëllef:Umellen

(Virugeleet vu(n) Wikipedia:Umellen)

Mat der gratis Umeldung leet ee sech fir d'Wikipedia e feste Benotzerzougang un. Dat ass net zwéngend noutwenneg - et kann een déi wichtegst Funktioune vun der Wikipedia och benotzen ouni sech unzemellen. Trotzdeem huet eng Umeldung eng Rei vu Virdeeler (deenen - wéi soll et aneschters sinn - och e puer Nodeeler géintiwwer stinn).

Virdeeler änneren

  • Dir kënnt Biller- an Audiodateien eroplueden.
  • Dir kënnt Artikele réckelen.
  • Dir kënnt an Diskussioune mat engem Numm ënnerschreiwen.
  • Dir kritt eng Benotzersäit, op där Dir Iech virstelle kënnt, an eng Diskussiounssäit, iwwer déi aner Wikipedianer mat Iech Kontakt ophuele kënnen.
  • Dir kritt eng Iwwerwaachungslëscht, déi Iech Ännerungen an Artikelen uweist, déi Iech interesséieren.
  • Dir kënnt d'Ausgesinn an d'Funktionalitéit vun der Wikipedia selwer astellen.
  • Méi Anonymitéit: Statt Ärer IP-Adress gëtt am Historique an an den ëffentleche Logbicher nëmmen Äre Benotzernumm ugewisen.
  • Dir kënnt anere Benotzer E-Maile schécken respektiv vun hinnen E-Mail kréien (hänkt vun den Astellunge vun de jeeweilege Benotzer of)
  • Dir kënnt Iech per e-Mail informéiere loosse wann een Aneren Iech eppes op Är perséinlech Diskussiounssäit geschriwwen huet.

Benotzernumm änneren

Bei der Ariichtung vun engem Benotzerkont soll een sech als éischt Gedanken iwwer de Benotzernumm maachen: Wikipedia huet e gudde Ranking a ville Sichmaschinnen, sou datt Benotzersäite bei enger Sich no engem Numm meeschtens uewen an de Resultater opdauchen. Ausserdeem léisst sech aus de Bäiträg vill iwwer d'Interessen an d'Perséinlechkeet vun engem Benotzer erausfannen. Wann een dat verhënnere well, sou sollt een aus Grënn vum Dateschutz e Pseudonym benotzen. De Benotzernumm kënne Bürokraten zwar änneren, mä Diskussiounsbäiträg, déi mam alen Numm ënnerschriwwe goufen, mussen opwenneg manuell geännert ginn.

Eng Benotzersäit ass eng Säit wéi all déi aner a steet wéi de Rescht op der Wikipedia ënner der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun.

Hiwäiser zum Choix vum Benotzernumm änneren

Als Benotzernumm kann ee säi richtegen Numm oder och e Spëtznumm wielen - je nodeem mat wat een sech méi wuel fillt. Denkt op jiddwer Fall drun, datt anerer Iech mat dësem Numm uschwätzen - méiglecherweis souguer bei Treffen am richtege Liewen. Do maachen sech onausspriechlech Buschtawekombinatiounen net gutt.

De gewielte Benotzernumm sollt aner Wikipedianer net provozéieren oder blesséieren. Benotzernimm, déi zu Verwiesslunge mat Software-Funktiounen ("Administrator") oder anere Benotzer féiere kéinten, kënne geneesou wéi beleidegend Nimm vun den Entwéckler geännert ginn, wa sech Leit driwwer beschwéieren.

De Benotzernumm kann nëmme mat engem Groussbuschtaf ufänken. Wann Dir als éischt Zeechen e klenge Buschtaf antippt, gëtt dësen automatesch ëmgewandelt.

Wgl. benotzt keng Nimm, déi mat Gesetzer an Amerika oder Lëtzebuerg a Konflikt gerode kéinten, wéi z. B. "Stad Lëtzebuerg" oder „City New York“. Et ass och net gewënscht datt geschützte Firmennimm wéi z. B. „FIFA“ benotzt ginn.

Et soll een och kee Benotzernumm vun enger lieweger Persoun oder Pseudonym vun engem Kënschtler wielen, wann een dat net selwer ass. Dat ass soss eng Verletzung vum Nummrecht.

Hiweiser zum Choix vum Passwuert änneren

E Passwuert fir Wikipedia däerf och Sonnerzeechen enthalen. (Passt awer op, datt d'Sonnerzeechen jee no Sproochversioun vun der Tastatur ënnerschiddlech kënne sinn, zum Beispill sinn d'Zeeche ° ² § op engleschen Tastaturen typescherweis guer net drop.)

Dateschutz änneren

Op Dir Är E-Mail-Adress bei der Umeldung ugitt, ass Iech iwwerlooss. Wikipedia gëtt dës E-Mail-Adressen net weider. Wann Dir eng E-Mail-Adress an Äre perséinlechen Astellungen ugitt da kënnt Dir vun dëse Virdeeler profitéieren

  • Wie säi Passwuert vergiess huet, ka sech op seng E-Mail, déi en uginn huet, en neit schécke loossen.
  • Aner Benotzer, déi och eng E-Mail-Adress uginn hunn, kënnen Iech iwwer Wikipedia Maile schécken, ouni datt déi Är Adress kënne gesinn. Dëst ass awer nëmme méiglech wann Dir dat explizit an Äre perséinlechen Astellungen zouloosst.
  • Dir kënnt och iwwer Wikipedia anere Benotzer, déi dëst zoulooosen, eng E-Mail schécken. Dobäi kënnt Dir och an Äre perséinlechen Astellunge wielen ob Dir selwer vun deen Mailen eng Kopie kréie wëllt.
  • Et kann een och Astellen datt ee per e-Mail informéiert gëtt wann een Aneren Iech eppes op Är perséinlech Diskussiounssäit geschriwwen huet.

Et gëtt ugeroden, eng E-Mail unzeginn, déi een och reegelméisseg liese geet, fir de Fall datt een emol méi laang net op der Wikipedia schaffe kann.

Cookies änneren

De Wiki-Server erkennt de Benotzer iwwer Cookies, déi mat Hëllef vum Browser op der Maschinn vum Benotzer verwalt ginn. De Cookie enthält eng Benotzernummer, mat där d'Wiki-Software um Server d'Astellunge vun de Benotzer ausenaner hält.

Dofir musse Cookies aktivéiert sinn, soss kann de Wiki de Benotzer net erkennen.

D'Astellung „Verhal mäi Passwuert duerch d'Sessiounen“ op der Umellen- a Preferenzesäit späichert d'Passwuert (verschlësselt) an engem Cookie. Wann dës Optioun net ausgewielt ass, sou muss een sech no enger gewëssen Zäit wou een inaktiv war, nees nei aloggen. Op ëffentleche Computere sollt dës Astellung natierlech net gewielt ginn, well sech soss aner Persoune mat engem sengem Numm alogge kënnen.

Benotzernumm änneren änneren

Beim Wiessel vum Benotzernumm ännert sech och d'Zouuerdnung am Historique, awer net bei Diskussiounssäite wou Der mat Ärem alen Numm ënnerschriwwen hutt. Fir méi Informatioune, kuckt wgl. en:Wikipedia:Changing attribution for an edit an m:Changing username.

Benotzerkont deaktivéieren änneren

Aus technesche Grënn kann en aktive Benotzerkont net „geläscht“ ginn. Benotzersäite kënnen awer op Wonsch eidel gemaach oder geläscht ginn, an de Kont ka gespaart ginn. Dat entsprécht der ëmfangräicher Deaktivéierung vun engem Kont.

Kuckt och änneren