Op dëser Säit fannt Dir Konventiounen, wéi ee Begrëffer aus dem Arabeschen Alphabet transkribéiert.

Formatéierung änneren

Idealerweis féiert ee beim éischten Optriede vun engem arabeschen Numm oder Begrëff a klameren déi arabesch Schreifweis op. Wie mat der arabescher Tastaturbeleeung net eens gëtt kann dozou och eng Hëllef benotzen. Arabesch Begrëffer sollen am Text klenggeschriwwen a schif formatéiert ginn, arabesch Nimm normal.

Verschidde Bustawen an der arabescher Schrëft ginn an der Wikipedia mat méi laténgesche Bustawen transkribéiert. Dobäi kann et ëmmer nees zu Zweedäitegkeete kommen, sou ass en نسخ n-s-ch net n-sch. An dëse Fäll sollen déi Bustawen, déi zesumme gehéieren, ënnerstrach ginn: nasch. Dëst erreecht ee mat follgenden HTML-Tags: nas<u>ch</u>.

Koranzitater änneren

Déi fir den däitsche Sproochraum (an domat d'lëtzebuergesch Wikipedia) üblech wëssenschaftlech Iwwersetzung ass Der Koran. Iwwersetzung vum Rudi Paret. Stuttgart 51989. (ISBN 3-17-010854-9). Si soll och an der Wikipedia benotzt ginn.

Iwwersetzung vun arabesche Begrëffer änneren

Fir déi däitsch Iwwersetzung (an domat och fir d'lëtzebuergesch Wikipedia) vun arabesche Begrëffer ass virun allem den Hans Wehr, Arabisches Wörterbuch für die Schriftsprache der Gegenwart, Wiesbaden, 1998. (ISBN 3-447-01998-0) wichteg. bei koranesche Begrëffer zousätzlech d'Koraniwwersetzung vum Rudi Paret, déi schonn ernimmt gouf. Aner Iwwersetzungsvariante sollen aus wëssenschaftlecher Literatur stamen, an am Abschnitt «Literatur zum Thema» vum Artikel ernimmt ginn.

Arabesch Transkriptioun änneren

Fir se besser liesen ze kënnen, ginn an der Wikipedia fir arabesch Begrëffer an Nimm vereinfacht Transkriptioune benotzt, déi mat de Mëttele vun der däitscher a lëtzebuergescher Orthographie méiglechst no un d'Originalsprooch erukomme sollen. Si fir ee Begrëff méi Schreifweisen am Ëmlaf (z. B. Jihad, Djihad, Dschihad), soll den Artikel no der Wikipedia-Transkriptioun ugeluecht ginn, a fir déi aner Variante soll eng Weiderleedung gemaach ginn. Fir datt de Begrëff sécher fonnt gëtt, sollen d'alternativ Schreifweisen an der Introductioun vum Artikel ernimmt ginn.

Besonnesch oppasse muss ee bei Iwwersetzungen aus dem Engleschen, wat eng aner Transkriptioun benotzt: sh muss een hei a sch, j an dsch, kh an ch ëmwandelen. Doppel-E (ee) gëtt an eiser Transkriptioun zu engem i (engl. al-Jazeera -> bei eis al-Dschazira). En h um Schluss gëtt net geschriwwen.

Hamza an engem Wuert gëtt mat engem Apostroph (') markéiert.

Bei der Schreifweis vun arabeschen Nimm muss een oppassen, datt et an der arabescher Orthographie nëmmen d'Vokaler a, i an u gëtt. Déi Schreifweis mat o an e déi een heefeg an de Bicher an an den Zeitunge fënnt, ass eng Konzessioun un d'Aussprooch. Korrekt heescht et also "Muhammad" amplaz vu "Mohammed". D'ëmgangssproochlech Vokaler e an o ginn nëmmen an Ausnahmefäll benotzt, wann den Numm ënner dëser Form bekannt ginn ass (zum Beispill: Osama bin Laden, awer Ussama Ibn Munqidh).

Laangvokaler an Diphthongen änneren

Duerch d'Ëmstellung vun der Wikipedia op Unicode ass an der Tëschenzäit eng richteg Schreifweis vun de laange Vokaler vum Arabesche mat Iwwerstréch méiglech (ā, ī, ū). Well d'Laangvokaler sech an hirer Bedeitung ënnerscheeden, a fir d'Aussprooch wichteg sinn, solle si bei alle Begrëffer, déi net "verlëtzebuergescht" sinn, gesat ginn. Bei der Lemmata aus dem Duden gëtt eng nogestallte kursiv a generell kleng Transkriptioun um Ufank vum Artikel ugeroden, also «Islam (islām)», awer «ʿAlī ibn Abī Tālib».

Fir Diphthonge gëtt d'Schreifweis au an ai amplaz vum (theoreetesch och richtegen) aw an ay ugeroden.

  ا ب ت ث ج ح خ د ذ ر ز س ش ص ض ط ظ ع غ ف ق ك ل م ن ه و ي
Numm ʾalif bāʾ tāʾ ṯāʾ ǧīm ḥāʾ ḫāʾ dāl ḏāl rāʾ zāī sīn šīn ṣād ḍād ṭāʾ ẓāʾ ˁayn ġayn fāʾ qāf kāf lām mīm nūn hāʾ wāw yāʾ
ZDMG a, i, u, ā b t ǧ d r z s š ʿ ġ f q k l m n h u, ū, w i, y, ī
Wikipedia a, i, u, ā b t th dsch
ddsch*
h ch d dh r z s sch s d t z ʿ gh f q k l m n h u, ū, w i, y, ī
  • bei Konsonanteverduebelung

Generelles änneren

Den Artikel al gëtt mat Bindestrich un dat nächst Wuert ugeschloss. Bei Sonnebustawe gëtt d'Assimilatioun ausgeschriwwen: at-Tabari, Harūn ar-Raschīd.

Persounennimm änneren

Well arabesch Persounennimm an hirer Vollform ganz laang sinn, sollt als Artikeltitel dee Bestanddeel vum Numm gewielt ginn, ënner deem d'Persoun bekannt ass. Ët sollen op kee Fall all d'Virnimm an Éierentitel mat opgeholl ginn. An der Introductioun vum Artikel soll den Numm da ganz ausgeschriwwe ginn.

Wann ët eng latiniséiert Versioun gëtt, soll dofir eng Redirect ugeluecht ginn. Nëmme wann de laténgeschen Numm wesentlech méi bekannt ass wéi den arabeschen, steet den Artikel ënner dem laténgeschen Titel (Avicenna fir Ibn Sina, awer al-Ghazali amplaz vun Algazel).

Den Artikel al, wann en zum Numm gehéiert, zielt mat zum Titel. An den alphabetesche Lëschte sollen awer net all d'Araber ënner al- anzortéiert ginn ;-) Opgepasst: den Artikel al soll net mam Substantiv Āl (Famill) verwiesselt ginn, wat an Dynastie-Bezeechnungen ëmmer nees opdaucht (z. B. Āl Saud). Dëst Al gëtt grouss an ouni Bindestrich geschriwwen, a wéi "Aal" ausgeschwat.

D'Nummbestanddeeler Abu, Umm, Ibn a Bint ginn ouni Bindestrich a kleng geschriwwen, ausser bei Fäll, an denen d'Zesammesetzung mat Ibn, Abu, Bint oder Umm alleng als Eegennumm benotzt gëtt (z. B. Ibn Sina).

Kuckt och: Arabesch Nimm

Persesch Transkriptioun änneren

D'Transkriptioun vu persesche Wierder an der Wikipedia orientéiert sech dodrunner, de Lieser d'Aussprooch ze erliichteren. Si verfollegt net de But vu wëssenschaftlecher Korrektheet. Aus Grënn vun der Vereenheetlechung gëllt follgend Konventioun:

  ا ب پ ت ث ج چ ح خ د ذ ر ز ژ س ش
Numm alef be pe te se, sa dschim tsche he che, cha dāl zāl re, rā ze, zā že, žā sin šin
Wikipedia ā (') b p t s dsch tsch h ch d z r z ž s sch


  ص ض ط ظ ع غ ف ق ک گ ل م ن و ه ى
Numm sād zād eyn gheyn fe, fa ghāf kāf gāf lām mim nun wāw he, hā ye, yā
Wikipedia s z t z (') gh f gh k g l m n u, w h i, y

Aussprooch änneren

  • ā (Bustaw: ا) gëtt méi däischter, bzw. méi déif ausgeschat, wéi den a, ze vergläiche mam schweedeschen å
  • ž (Bustaw: ژ) wéi j a „Journal“
  • gh (Bustaw: ق an غ) kléngt änlech wéi den ch a „Buch“; oder wéi e stëmmhaften Hals-r
  • ch (Bustaw: خ) ëmmer wéi ch a „Buch“
  • z (Bustaw: ذ, ز, ض an ظ) als stëmmhaften s
  • r (Bustaw: ر) gëtt als Zongespëtzen-r ausgeschwat

Detailler änneren

  • D'Konventioun gëllt nëmme fir Wierder an Nimm, fir déi net schonn eng wuel etabléiert Transkriptioun existéiert.
  • Vokaler ginn no dem Persesch-däitsche Wierderbuch vun Heinrich F. J. Junker a Bozorg Alavi (ISBN 3-447-04561-2) oder dem Universal-Wierderbuch Persesch vu Khosro a Mohsen Naghed (ISBN 3-468-18250-3) gesat.
  • D'Diphthonger ginn als „ey“ an „ou“ transkribéiert.
  • De Schluss-h vun der vokalescher Endung „-e(h)“ (Bsp.: کرده) gëtt net transkribéiert („karde“).
  • Den e vun den Ezāfe an den -o deen ugehaange gëtt, mat der Bedeutung „an“ gi mat Bindestrich ugeschloss (Bsp.: خلیج فارس

– „chalidsch-e fārs“; هزار و يک - „hazār-o yek“).

  • De Glottisverschloss ' (Bustawen ع an ا) ka wou e sënnvoll ass geschriwwe ginn; an der Reegel awer net um Ufank vun engem Wuert.
  • E Längestréch gëtt nëmme beim Vokal ā (fir vum a z'ennerscheede) gesat.
  • Konsonanteverduebelung (taschdid) gëtt net speziell markéiert.
  • Bustawekombinatioun -خوا gëtt oft als „chā-“ transkribéiert.
  • Tadschikesch Uertschafts- a Persounennimm ginn an der Wikipedia no den Transkriptiounsreegele fir d'tadschikesch-kyrillescht Alphabet transkribéiert.

Kuckt och: Persesch

Osmanesch Transkriptioun änneren

Well fir d'Endphas vum Osmaneschen zanter 1928) eng laténgesch Virschrëft virläit, gëtt an der Wikipedia d'Schreifweis vum Redhouse Yeni Türkçe-İngilizce Sözlük, İstanbul, 1999 (ISBN 975-817641-2) benotzt, déi dem Tierkeitierkeschen entsprécht.

Besonnesches bei der Aussprooch änneren

  • c – wéi dsch an Dschungel
  • ç – wéi tsch an Kutsch
  • ğ(yumuşak g): Deenung bei donkele Vokaler, wéi y bei helle Vokaler
  • ı – kuerze stompfen i, vgl. dt. e a Sonne (Schwa)
  • j – wéi j a Journal
  • ş – wéi sch a Schoul
  • v – wéi v a Vas
  • y – wéi j a Jackett
  • z – wéi s a Sonn

Kuckt och: Osmanesch, Tierkesch