Archiv vun de Stamminees-Diskussioune vu Januar bis Mäerz 2011 nach mat.

Bild vum Dag änneren

 
Akkordeonspiller am Historeschen Zentrum vu Quito

Eppes anescht: Wien et intresséiert, op Commons ass haut eent vu menge Biller als Bild vum Dag ze gesinn. --Cayambe 12:14, 21. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech hoffen, do ass et méi woarm wéi hei :) Felictatioun fir d'Bild vum Dag! --Zinneke 12:45, 21. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]
¡Enhorabuena!--Fliedermaus 13:47, 21. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]
Merci. --Cayambe 11:52, 22. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]
¡Viva Cayambe! Bravo fir déi schéi Foto! Hues Du nach keng vu KV eropgelueden? Si gespaant. --Christian Ries 12:12, 22. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]
Ganz schéint Bild a Felicitatioun fir d'Bild vum Dag. Les Meloures 12:30, 22. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]
Et ass bei eis virgesinn als Bild vun der Woch, méi spéit am Joer. --Zinneke 11:19, 22. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Homonymien änneren

Missten d'Lemmaen nët éischter mat enger Beruffsbezeechnung ewéi mat Joereszuelen auserneegehale ginn?

  1. Jean Krier (1949) --> Jean Krier (Dichter)
  2. Jean Krier (1935-2003) --> Jean Krier (Economist)
  3. Jean Lucien Krier (1951) --> Jean Krier (Archeolog)

--Christian Ries 09:48, 23. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,
Eis däitsch Nopere soen dat heiten:
Sollten mehrere Personen den gleichen Vor- und Familiennamen besitzen, wird im Lemma der Beruf als Unterscheidungsmerkmal in Klammern hinter den Namen geschrieben (z. B. Klaus Müller (Historiker)). Sollten mehrere gleichnamige Personen zudem den gleichen Beruf besitzen, erfolgt die Unterscheidung über die Klammer „(Beruf, Geburtsjahr)“ (z. B. Klaus Müller (Fußballspieler, 1953)), und zwar ohne "*" beim Geburtsjahr.
Et wier vläicht net schlecht eng Säit Hëllef:Homonymie ze hunn, da kéint jiddwereen do nokucken. Mer hunn zwar eng Säit Wikipedia:Homonymie an där erzielt wéini datt eng Homonymiessäit soll ugeluecht ginn, awer eng richteg Hëllefssäit ass et net.
Mer hunn och nach e puer Adleger mat dem selwechten Numm doruechter stoen. Eng Kéier sti se mat Gebuertsjoer an eng Kéier mat Gebuerts- a Stierfjoer do. Ech proposéieren dat och ze uniformiséieren a sech op d'Gebuertsjoer ze beschränken. Les Meloures 11:34, 23. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]
D'Kombinatioun vum Gebuertsjoer an enger Beruffsgezeechnung erschéngt mir och am sënnvollsten, well et sécher vun den ëmstänn ofhänkt wat deen eenzelne méi weiderhëlleft. Statt eng nei Säit [[Hëllef:Homonymie]] unzeleeë schloen ech vir, fir eis aktuell Säit Wikipedia:Homonymie einfach e bëssen auszebauen. --Robby 13:49, 23. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci fir déi Ureegungen, ech stëmmen dem zou an hunn déi Ännerungen bei deene verschiddene Persoune gemaach an hunn déi nei Lemmae hei driwwer verlinkt. Et bleiwen zwou Froen: 1. amplaz Bankier wier vläischt Economist méi exalt. An 2.: seet ee wierklech Foussballist an net Foussballspiller resp. Foussballer? --Christian Ries 18:09, 23. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Remoien,
Dacks geet et duer fir mat Kategorien ze vergläichen z.B. Kategorie:Foussballspiller --Les Meloures 21:22, 23. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]
Fir Moien ass et vläit nach e bësse fréi, mä wann de Mann scho mol Banquier war, wiert et eigentlech schued hie Bankier ze nennen - so mengt mol de Luxdico, den DLW a souguer de LOD, dee jo schonn iwwer de "B" ewech ass... --Jwh 01:46, 24. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech hunn déi néideg Ännerunge gemaach an déi nei Lemmae hei driwwer verlinkt. --Christian Ries 07:23, 24. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

 

Den Här mam Baart änneren

Moien, weess een zoufälleg wien den Här an der Mëtt ass? E kënnt mir bekannt fir, mä et mécht einfach net Click. --Jwh 15:57, 1. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Vläit hätt ech solle präziséieren, dat war 1968 zu Lëtzebuerg, de Willy Brandt war nach net Bundeskanzler an dofir konnt hien och duerno bei d'Malou a Clausen goen. --Jwh 22:48, 22. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Dat ka bal nëmmen de Marcel Heuertz sinn! Kuck seng Foto am Diaporama vun : Massard, J. A., 2004. Regards sur l’histoire du Musée national d’histoire naturelle de Luxembourg. Conférence en langue luxembourgeoise faite le 28 octobre 2004 au Mnhn par Jos. A. Massard, collaborateur scientifique du Mnhn. [1] (Texte de la conférence). Diaporama (PowerPoint) [2]. --Jamcelsus 16:39, 1. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Absolut! Merci! Dee vir am Bild misst den Jean-Pierre Kremer sinn, mä war deen deemools nach Ambassadeur zu Bonn? Deen Här ganz hannen am Bild ass mir entfall, mä dat soll mir awer och nach erëmkommen. --Jwh 00:35, 2. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Geoportail: Eng Minn un Informatiounen änneren

Fir Leit, déi net de Schaf voller Topo-, Hydro-, a soss -graphieskaarten hunn: De Kadaster huet alles online:

http://map.geoportail.lu

Geologie, Toponymen, Baachen, Quellen, Naturschutz- an Iwwerschwämmungsgebidder, alles ass do - als Foto, als Plang oder am fondu-enchaîné.

An als Kiischt um Kuch: d'Navigatioun tëschent historesche Kaarten fir en erausgesichten Ausschnëtt - vum Ferraris-Atlas bis där vu virun e puer Méint.

Merci, Kadaster!

--Zinneke 17:55, 10. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Et wier just gutt, wa mär esou Koartematerial fir d'Wiki benotze kéinten. Et gëtt do esou e Formulaire, mee ech mengen net datt mer d'Autorisatioun kréien!? --Otets18:14, 1. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Neien Admin änneren

Ech hunn d'Ofstëmmung iwwer den MGA73 als Admin emol op dës Säit: Wikipedia:Adminkandidaturen#Kandidatur_MGA73 geréckelt (do wou se och higehéiert) a wollt just nach preziséieren datt e Bürokrat d'Adminrechter net nees ewechhuele kann, dat kann nëmme vun engem Stewart gemaach ginn. --Robby 22:34, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Historique vun engem Artikel änneren

Moien,

Ech hat mol duerno gefrot,lo hunn ech dëst fonnt. Dat hëlleft eventuell fir ze fanne wien, wéini eppes an een Artikel gesat huet. A lo wënschen ech eng friddlech Hënt. --Jwh 23:51, 25. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Intressant Trouvaille! Wat fir Saachen et awer gëtt! --Zinneke 20:55, 26. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Dräi Moler... änneren

... an net där mannster, hunn am Laf vun dësem Joer hire 70. Doudesdag. Et sinn dat de Joseph Kutter, der Sosthène Weis an den Eugène Mousset.

Firwat ech dat hei zielen? Ma hir Biller falen dann an den Domaine public, kënnen deemno hei enger breeder Ëffentlechkeet ouni Aschränkunge presentéiert ginn. Huet een eng Iddi, wéi een un dat eent oder anert drukënnt? --Zinneke 13:51, 5. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, ech versichen op der Sich no hire Biller ze hëllefen, wat awer nach e bëssen dauere wäert (sinn de Moment ca 5000 km vun doheem ewech).--Cayambe 12:14, 21. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

"Wiki Loves Monuments" änneren

ass den Numm vun enger Aktioun, déi zejoert op der nl:Wiki lancéiert gouf. Et goung drëms, de breede Public opzeruffen, fir Fotoe vu klasséierte Monumenter ze maachen an esou eng méiglech komplett Sammlung dovunner ze kréien.

Eng Beschreiwung steet hei

Wéinst hirem Succès gëtt elo gekuckt, déi Aktioun op aner Länner/Gebaier zu iwwerdroen.

D'Fro ass deemno: Wier esou eppes sënnvoll (bestëmmt) a machbar mam lëtzebueresche Patrimoine protégé?

Wieren der e puer intresséiert, de Kader mat op d'Been ze setzen (Lëscht op der Wiki mat alle Monumenter - wéi hei z.B. nl:Lijst_van_rijksmonumenten_in_Westland an der CommonsCat, déi derzou gehéiert) ? Dee schwieregsten Deel wäert sinn, "Reklamm" fir d'Saach ze maachen - Medie kontaktéieren, Presse-communiquéë schreiwen, asw. Dann ass d'Fro, ob et néideg/méiglech ass, dat als Concours ze organiséieren (wat ë.a. Sponsore bedeit, déi musse fonnt ginn, en Evaluatiounscomité asw)...

Ass dat Gedreems, oder kinnt et eppes ginn (wann och an enger méi klenger Form)?

--Zinneke 15:56, 6. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech mengen, eis aktuell Aktioun mat de Krichsmonumenter ass jo awer schonn e klengen Ufank an déi Richtung, oder net? --Pecalux 06:36, 11. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien, de Projet an Holland hunn ech iwwert d’Linken hei driwwer am Detail gelies... a kann nëmme begeeschtert dervu sinn. Den Oflaf vun der Organisatioun ass Schrëtt fir Schrëtt a realistesch beschriwwen.
D'Fro ass, ob mir esou eng Organisatioun packen, dat heescht ob mir et fäerdeg bréngen (1) fir dëse Projet e puer Mataarbechter (vun der Wiki oder och soss) ze mobiliséieren, déi konsequent dru bleiwen, an (2) ausserhalb vun eiser Kommunautéit déi néideg Uspriechpartner ze fannen: wéinenstens een Expert aus jeeweils deene betraffene Verwaltungen (Sites et monuments nationaux, Naturverwaltung, Muséeën) an och an de Medien. Éierlech gesot, ech zweifelen drun.
D'Zuel vun de klasséierte Monumenter op de Lëschten op der Websäit vum Service des sites et monuments nationaux [3] hunn ech emol graff op 300-400 geschat.
Kënne mer net emol kucken ob mer déi éischt Etapp packen: no an no eng Lëscht vun de Monumenter opzestellen déi a Fro kommen. Den Ufank ass jo scho gemaach.
Dann hu mer jo och nach d’Aarbecht un der Lëscht vu Monumenter zu Lëtzebuerg déi un den Zweete Weltkrich erënneren. Méi ewéi en Ufank ass do scho gemaach. Hei en Opruff un d'Ëffentlechkeet ze maache schéngt mer méi kriddeleg ze sinn (systematesch Erënnerung un e Krich, wou een haut léiwer un d'Zesummewuesse vun Europa denkt). Mee vläicht ieren ech mech do? Beschte Gréiss,--Cayambe 08:36, 11. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Vun der Säit "Ech hunn eng Fro" eriwwerkopéiert, wou et ëm dat selwecht geet, dës Kéier vun der de:WP aus gefrot: änneren

Wiki Loves Monuments 2011 änneren

 

Nachdem im vergangenen Jahr in den Niederlanden im Rahmen der Aktion "Wiki Loves Monuments" der gesamte Bestand der Rijksmonumente für die Wikipedia erschlossen werden konnte und mehr als 12.500 Bilder von denkmalgeschützten Objekten geschossen und hochgeladen wurden, soll der Fotowettbewerb in diesem Jahr europaweit durchgeführt werden.

Die internationale/wikimediaweite Koordination geschieht auf Wikimedia Commons, siehe hier. Es gibt auch einen internationale Mailingliste. Das deutschsprachige (noch nicht besonders weit gediehene) Projekt zu den Kulturdenkmalen in Luxemburg findet sich unter de:Wikipedia:WikiProjekt Denkmalpflege/Luxemburg.

Gibt es auf Seite der luxemburgischen Autoren Interesse, sich an dieser Aktion zu beteiligen? Ich habe gesehen, dass es schon einige sehr schöne und bebilderte Artikel zu den Monuments nationaux, auf die man gut aufbauen kann. -- 79.168.7.130 00:15, 14. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Danke für's Posten. Ich hatte bereits auf Wikipedia:De Staminee (dem "Stammtisch") auf die Aktion aufmerksam gemacht. Interesse besteht sicherlich, aber wie bei so vielem hier ist die gro3e Frage, wie man über die Handvoll Aktive hier hinaus, die ohnehin schon Artikel schreiben, Edits überwachen und verbessern, etc., das "breite Publikum" einbeziehen kann, damit dieses Projekt nicht auf Kosten der restlichen Arbeit geht.
Es gibt einige hundert "Monuments classés". In nächster Zeit werde ich mal sehen, wie man die in eine komplette Liste aufnehmen kann. --Zinneke 09:53, 14. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Vielleicht kann man sich projektübergreifend unterstützen. Es gibt in der de:WP Interesse, die Listen für Luxemburg zu übernehmen. Unter de:Liste der Kulturdenkmale in Bech (Luxemburg) hatte ich schon vor WLM2011 mal exemplarisch eine Liste angelegt. Wenn man da zusammenhilft, kann man schon in vergleichsweise kurzer Zeit auf recht gute Ergebnisse kommen. Wenn die Struktur steht, muss man am Ende ja nur noch ein paar Texte austauschen.
In dem Zusammenhang die Frage: gibt es das Amtsblatt eigentlich auch in Deutsch? Im Moment bediene ich mich dieser Liste in französisch. -- 79.168.7.130 11:40, 14. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Zusammenarbeit würde die Sache sicherlich erleichtern. Die Seite zu Bech ist ein gutes Vorbild, wie die anderen 115 Gemeinden zu behandeln wären. Sicherlich wird es auch ettliche Luxemburger geben, die in der de:WP aktiv sind, und (hoffentlich) dort mitarbeiten. Meine Erfahrung zeigt, dass das jedoch andere User sind, als die, die hier mitarbeiten (aus dem einfachen Grund, dass es hier noch soviel zu tun gibt, dass sich die Aktiven hier es sich nicht "leisten" können, ihre Zeit zusätzlich in anderen WPs zu investieren).
Das Amtsblatt gibt es seit 65 Jahren nur mehr in Französisch.--Zinneke 13:58, 14. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Hmmm ... das macht es etwas aufwändiger für mich. Auch wenn ich gut verstehe, mir geht das Französisch nicht so leicht von der Hand wie Euch. Angebot: wir richten eine Projektseite ein. Ich würde auf Basis des Amtsblatts die Tabellen in französicher Sprache erstellen. Übersetzung ins Luxemburgische müsstet ihr selbst machen. Bei der Übersetzung ins Deutsche helfen wir zusammen. Am Ende kopieren wir es bei Euch in den Artikelnamensraum und in die de:WP. Dann haben beide Wikipedias was davon. -- 79.168.7.130 14:52, 14. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Ich kann gerne bei der Übersetzung ins Luxemburgische (und wenn nötig ins Deutsche) helfen. Habe allerdings nicht recht verstanden, was mit "Projektseite" und "Artikelnamensraum" genau gemeint ist. Eine weiter "Baustelle" wird es sein, die in der lb:WP vorhandenen Fotos zu dem einen oder anderen Denkmal auf die entsprechenden Commonsseiten (die auch angelegt werden müssen) zu kopieren. Aber das ist für später. Danke auf jeden Fall schon mal für Deine Hilfe! --Zinneke 14:22, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Deine Angebot freut mich wirklich sehr. Wenn Du eine (dann natürlich korrekt benannte) Seite im Wikipedia-Namensraum anlegst wie lb:Wikipedia:WikiProjekt Mounments nationaux würde ich die Unterseiten nach dem Muster [[:lb:Wikipedia:WikiProjekt Mounments nationaux/<Gemeindename>]] anlegen und beginnen zu bebildern. Sobald sie fertig übersetzt sind kann man sie dann nach Liste der Monuments nationaux (bzw. dann eben auf Luxemburgisch) verschieben. -- 89.181.253.224 03:01, 16. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Dann lass uns mal ins kalte Wasser springen: Ich schlage vor, besagte Projektseite Wikipedia:WikiProjet National Monumenter zu nennen. Sie wird von ihrer Struktur her wohl weniger Unterhalts-lastig sein wie die entsprechende Seite auf de:Wiki. (Ab jetzt weiter auf Lëtzebuergesch). Ech leeën do emol déi Këscht mat de Gemengen un, déi als Schabloun an all Artikel hikënnt. An dono eng Säit, dass ee gesäit, wéi dat soll ausgesinn. Ech proposéiern, den däitsche Modell ze knäipen, dat erspuert eis, d'Rad nei z'erfannen. --Zinneke 16:13, 16. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
So, ich habe mir mal ein paar Gemeinden vorgeknöpft. Die könntest Du dann in die de:Wiki kopieren/übersetzen. Vielleicht bearbeitest Du die de:Wiki-Liste von hinten, so dass jeder etwa gleichviel Neutexte und Übersetzungen hat (letztere sind schneller zu machen)? Es sei, es beteiligten sich noch andere? (Die dürfen sich dann die Mitte der Liste aussuchen)--Zinneke 16:26, 17. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Hi everyone, I just happen to stumble onto this page. I'm one of the organizers of Wiki Loves Monuments 2011. Could someone please update Commons:Commons:Wiki Loves Monuments 2011/Progress for Luxemburg? It now points to the German Wikipedia. You might want to point it to here ;-)

I just took a look at Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Bäerdref. If you would make structured lists with templates, I'll be able to use the data to put the monuments on a map (and maybe more applications in the future). How to do that is described in this post.

Multichill 20:51, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Hi Multichill!
I changed the reference on Commons:Commons:Wiki Loves Monuments 2011/Progress. The lists are structured exactly the same way as the one in the de:Wiki, so to allow an easy adaption/copying from each-other. The template version of the list you propose looks quite complicated. I fear we have neither manpower nor knowledge to go into such sophisticated "depths" - it is already quite some work to set up the lists, not least because many objects are referenced in an odd way on the Ministry's list (e.g. numbers of land-plots instead of the name of what is there; old vs. new numbers of landplots; names in old nominations; absence of clear identification numbers, etc. ) I have no idea neither how to reach beyond the 'usual suspects' to call for massive pictures to be sent in, once the lists are complete.
--Zinneke 16:35, 22. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Hi Zinneke, thanks for you note! Templates might seem difficult so I made a start to make it easy. You can see the result in this edit. I created Schabloun:Nationale Monumenter header and Schabloun:Nationale Monumenter row. These templates should be renamed to more local names. Schabloun:Nationale Monumenter header can be used to start the list. Schabloun:Nationale Monumenter row for each row. You just have to fill out the fields. If you ever want to change the layout you just have to change two templates. Multichill 20:28, 22. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Thanks for the template. Before I start to use it, some questions: How are municipalities (the lists/articles are by municipality) and villages (in our system: Headers in an article) being taken care of? Does it work/make sense if there are no unique official identification numbers (identification is by listing the "cadastre" numbers, or even vague description (""20 m towards the wall, right side of the river" for some trees)? Does it only make sense if geographical longitudes/latitudes are indicated? I am an optimistic person by nature, but realistic enough to assume that they will be missing here... In other words, what apart from "adding maps" is the advantage of the form of presentation you propose? --Zinneke 21:25, 22. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
I love unique identifiers, but if we don't have them, we have to do without them. The layout will be uniform, easy to change and it will be possible to click through from a list on Wikipedia to a map. Multichill 22:31, 23. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
D'Saach ass gutt um Rullen, wat d'Lëschten ubelaangt. Dëse Thread kann deemno emol ofgeschloss an archivéziert ginn. --Zinneke 13:50, 9. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Fotoen oder Biller mat ofgelafenem Copyright: Weider esou! änneren

An der lescht hu fläisseg Séilen d'Fotoe vu Fotografen, resp. Gravurë vu Kënschtler gescant an eropgelueden, déi méi wéi 70 Joer dout sinn, an deemno am Domaine public sinn (kuckt:Kategorie:Historesch Biller vu Lëtzebuerg). Lues a lues entsteet esou eng Sammlung, déi ee soss néierens am Internet esou fënnt.

Ech kann nëmme jiddereen encouragéieren (besonnesch och déi Leit, déi net hei Autuer sinn), an deen al Fotoen, Postkaarten oder Bicher huet, déi dëse Critèren entspriechen, dat selwecht ze maachen.

--Zinneke 15:27, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Ma dozou hätt ech jo da gläich eng Fro.
Ech hunn nach ee ganzen Album Bernhoeft deen ech lues a lues erascannen. Ech si mir awer net sécher wéi a wouech dann eng Kategorie fir deen Album soll uleeë fir dass en net iergendwou am Raum schwieft, mee als Ennerkategorie vum "Charles Bernhoeft" erschéngt. Merci. --Jwh 19:01, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Tipptopp! Fir den Album beieneen ze halen, giff ech eng nei Kategorie dofir uleeën nom Schema [[:Kategorie:Charles Bernhoeft ([Joer]) [Numm vum Album] ]] (d.h., dëst op d'Säit vun der éischter eropgeluedener Foto hischreiwen). Déi Kategorie ass dann am Ufank rout, well et se nach nët gëtt. Wann s de dann do eng Kéier drop klicks,kanns de dës an der Arboreszenz no uewe verbannen, andeems de "Kategorie:Historesch Biller vu Lëtzebuerg" an "Kategorie:Charles Bernhoeft" a "[[:Kategorie:[Joer] ]]" dohi schreifs. FIr all déi aner Biller brauchs de just déi nei Kat. dohinzeschreiwen (an eventuell eng aner Kategorie, wéi z.B. eng Gemeng). Da sinn se all schéi beieneen. Grondsätzlech ass et ëmmer sënnvoll, wann ee méi wéi e Grappvoll Artikelen oder Fotoen zum selwechten Thema huet, eng eege Kategorie unzeleeën. --Zinneke 19:53, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Esou einfach (wann een et weess) Merci! --Jwh 20:02, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Ech mengen ech hätt et lo bekäppt. Ech hunn d'Kategorien ëmmer esou gesi wéi d'Folder am "root" vum PC, wou een an deen anere gestach gëtt. Awer hei seet een der Kategorie wou se soll dra sinn an dann hopst se selwer dran - also esou versichen ech dat lo ze verhalen... --Jwh 21:58, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
De Systeem ass effektiv gewöhnungsbedürfteg: eng ëmgedréint Hierarchie, ëmmer vun ënnen no uewen (vum Eenzelen zu Gréissere Ganzen). Mee extreem flexibel. --Zinneke 11:35, 22. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

A wéi eng Fro déi aner gëtt: an engem Buch vun der Arbed (1982) sinn eng Rëtsch herrlech Fotoen dran, so z.B. eng vum Sidney Thomas, wou mir nëmme bis elo ee Sack do hunn. De gudde Mann ass jo schonn 1885 vun eis gaang, de Fotograf huet e warscheinlech net laang iwwerlieft. Kann ech ee Scan dovun eroplueden, als Source d'Buch vun der Arbed? Merci, --Jwh 22:14, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

D'Waarscheinlechkeet, dass de Fotograf virun 1941 gestuerwen ass, ass effektiv grouss. Ass de Fotograf net am Buch ernimmt (wéi et am Fong ëmmer misst sinn)? Soss géif ech et eroplueden, mat der Schabloun PD-al, an uginn, als Justifikatioun, datt d'Foto virun 1885 opgeholl gouf (vläit steet soss enzwoush en Datum vu wéini déi ass?), an dofir mat goursser Waarscheinlechkeet de Fotograf virun 1941 gestuerwen ass, deemno d'Wierk Domaine public ass. --Zinneke 11:35, 22. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Ma jo dann: Let's roll --Jwh 22:40, 22. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]