Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Beim Wiessellauden, op Englesch "Change ringing", handelt et sech ëm eng an England praktizéiert Konscht vum Klackelauden.

Wiessellauden an der Stoke Gabriel Kierch am Süddevon

"D'Konscht vum Wiessellauden ass en englesche Brauch, a wéi all englesche Brauch ass et fir de Rescht vun der Welt net ze begräifen."

Dorothy L. Sayers an hirem Roman The nine tailors vun 1934. Am deem Roman spillt d'Wiessellauden eng wichteg Roll.

Andeems d'Klacken ëmmer méi héich gezu ginn, woubäi d'Klackeseel nëmmen op enger Säit gezu gëtt, kënnt et sou wäit, datt d'Klacken op der Kopp (rung up) am Gläichgewiicht stinn. Dat ass den Ausgankspunkt vum Wiessellauden. Fir d'Klack eppes klenges iwwer de Gläichgewiichtspunkt ze halen (stay and slider) muss d'Klack bei all Zéien um Seel e bësse méi wéi een tour maachen. Wann da wierklech gelaut gëtt, däerf de Wee vun der Klack bei all Seelzéien genee eng voll Ëmdréieung sinn bis zeréck an d'Gläichgewiichtslag. Wann all Klacken a Stellung bruecht gi sinn, ass d'Gelauds prett (in peal).

Um Spaweck änneren