Werner Thärichen
De Werner Thärichen, gebuer den 18. August 1921 zu Neuhardenberg an der deemoleger Mark Brandenburg, a gestuerwen de 24. Abrëll 2008 zu Berlin, war en däitsche Komponist a Perkussionist. Hie war zanter 1948 Member vun de Berliner Philharmoniker.
Werner Thärichen | |
---|---|
Gebuer | 18. August 1921 |
Gestuerwen |
24. Abrëll 2008 Berlin |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Komponist, Universitéitsprofesser, Perkussionist |
Member vun | Berliner Philharmoniker |
Liewen
ännerenHien huet op der Hochschule für Musik zu Berlin Dirigéieren a Kompositioun studéiert a war Perkussionist an der Berliner Volksoper an de Staatoperen zu Hamburg an zu Berlin.
Dee gréissten Deel vu senge Wierker si Concerte fir een Instrument an Orchester.
Säi Jong, den Nicolai Thärichen ass Jazzpianist a Komponist.
Wierker (Auswiel)
änneren- Konzert für Pauken und Orchester, op.34, 1954
- Schlagzeug-Trio, op. 52
- Bläseroktett, op.40, 1960, 20', Weltpremière 01.10.1960 op de Berliner Festwochen
- Konzert für Oboe und Orchester, op.46, 1967
- Konzert für Marimbaphon, Posaune und Orchester, op. 53, 1974, 24', Weltpremière den 28.02.1974 zu Bochum
- Konzert für Schlagzeug und Orchester