Webtaxi ass en Taxiservice zu Lëtzebuerg dee vu Voyages Emile Weber zesumme mat Benelux Taxis organiséiert gëtt. D'Webtaxi Autoe sinn orange-wäiss lackéiert.

Webtaxi (Toyota Prius), 2012

De Service bitt en Taxikonzept, dee sech duerch Ëmweltfrëndlechkeet, Transparenz a Wirtschaftlechkeet auszeechent.

Fir d'Webtaxie ginn ausschliisslech Hybrid Autoe benotzt. Se kënnen iwwer Telefon, eng Websäit oder eng Handy-App bestallt ginn. De Präis kritt een am viraus uginn.[1]

De Service funktionéiert vum 16. Juli 2012 un, den Depart an/oder d'Zil muss um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg sinn.

Am Summer 2014 gouf d'Flott vun 18 op 40 Taxie vergréissert.

Erweiderung vum Service änneren

Den 13. Februar 2017 huet Webtaxi d'Erweiderung vun hirem Service bekannt gemaach:[2]

Et ginn elo véier verschidde Servicer ugebueden, nieft dem normale Webtaxi, wéi e bis elo bestanen huet (Webtaxi eco), zousätzlech och nach e Service mat Limousinnen (Webtaxi limo), e Service mat méi groussen Taxie bis 7 Persounen (Webtaxi van) an e Service fir Geschäftsclienten (Webtaxi pro).

Den Taxiservice gëtt zousätzlech zum Kanton Lëtzebuerg op d'Kantone Miersch, Capellen, Gréiwemaacher, Réimech an Esch-Uelzecht ausgeweit. Déi aner Kantone solle méi spéit nach derbäikommen.

Et steet elo eng Flott vun 120 Gefierer zur Dispositioun.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Webtaxi: Neuer Eco-Taxi Anbieter stellt sich vor op wort.lu vum 4. September 2012
  2. Webtaxi will Uber die Stirn bieten op wort.lu vum 13. Februar 2017